Op eise StroossenCourse-poursuitte zu Esch mat alkoholiséiertem Chauffer

RTL Lëtzebuerg
Da goufen nach bei Uewereesbech an zu Déifferdeng e Motocyclist respektiv Vëlosfuerer no all Kéiers engem Accident blesséiert.
© Domingos Oliveira

An der Rue Marie Rausch-Weynand zu Déifferdeng ass kuerz viru 17 Auer e Freideg e Cyclist blesséiert ginn, nodeem hien aus enger Niewestrooss op d'Haaptstrooss ofbéie wollt an an d'Säit vun engem Auto gerannt ass. Wéi et schéngt, hat de Cyclist net méi mat Zäite gebremst kritt. Duerch den Opprall ass de Mann iwwert de Capot vum Auto geflunn an dunn op de Buedem gefall. Hie koum an d'Spidol.

Op der N10 bei Uewereesbech an der Géigend vum Kohnenhaf war e Motocyclist géint 20.30 Auer accidentéiert. Déi implizéiert Gefier, de Moto an en Auto, koume wéinst enger Deviatioun op eng Plaz, wou méi Verkéier war an dowéinst goung et méi lues. D'Police schreift, datt de Motorradsfuerer dat wuel ze spéit gesinn huet an dowéinst net méi gebremst krut. Hien huet nach probéiert auszewäichen, huet awer d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass an de Summerwee geroden. Dobäi huet hien en Auto gesträift an ass e puer Meter weider an e Bam gerannt. De Mann war uspriechbar an et huet zu kengem Ament Liewensgefor bestanen. Hie koum an d'Spidol. D'Streck huet misste bis 23 Auer fir de Verkéier gespaart ginn.

An der Rue de Acacias zu Esch huet d'Police dann direkt 2 Leit erwëscht, déi ze vill gedronk haten. Den éischten Automobilist wollt sech awer net kontrolléiere loossen an huet, wéi hien d'Beamte gesinn huet, Demi-Tour gemaach. Eng Patrull ass nogefuer an et koum zu enger Course-poursuitte, bei där de flüchtegen Automobilist keng Récksiicht op anerer geholl huet an och méi wéi eng Kéier géint de Code de la route verstouss huet. Mat Hëllef vun zwou weider Patrulle konnt de Chauffer an der Rue Sidney Thomas gestoppt ginn. Dunn huet de Chauffer nach probéiert, fir mat der Bäifuererin d'Plaz ze tauschen. Béid Persoune goufe vun der Police immobiliséiert, woubäi grad de Chauffer net kooperativ war. No der Alkoholkontroll gouf de Permis agezunn an de Virfall gouf opgeholl.

Den zweete Chauffer hat och ze vill gedronk, war awer däitlech méi kooperativ. Ma och säi Permis ass provisoresch fort.

Back to Top
CIM LOGO