214 Etablissementer sinn dëst Joer dobäi. D'Stad Lëtzebuerg huet virun dräi Wochen eng Partie Nouveautéite presentéiert. Véier nei Attraktiounen, een neien Iessstand an dräi nei Verkafsstänn. Ganz nei ass zum Beispill eng Achterbunn, déi mat Hëllef vu virtueller Realitéit funktionéiert, mam Numm "DR ARCHIBALD - MASTER OF TIME".
Nei sinn och d'Attraktioune "King Loop" a "Skater". D'Frënn vu méi traditionellen Achterbunnen dierfe sech iwwer de Retour vun der klassescher "Wilde Maus" freeën, wéi et se fir d'lescht virun iwwer zéng Joer op der Fouer gouf. Wat d'Sécherheet ugeet, esou gëtt et keng Ännerunge par rapport zu de leschte Joren. Kontrollen an den Entréeën, wéi et se bei aner Festivitéite gëtt, wieren net virgesinn.
Wie Sue wëll spueren, sollt sech nach follgend Datumer am Kalenner markéieren. De 26. August ass Familljendag mat reduzéierte Präisser op de Spiller, den 2. September ass ee weidere Familljendag, dës Kéier mat Remisen um Iessen, a wéi gewinnt ginn et och um leschte Fouerdag den 9. September speziell Tariffer.
Nees mat dobäi sinn:
Bei den Iessstänn ass nei:
Bei de Verkafsstänn sinn nei:
E puer wichteg Rendez-vousen erausgepickt:
25. August: Buergermeeschterdag
26. August: Familljendag mat reduzéierte Präisser op de Spiller
27. August: Kinniginnen-Dag
30. August: Fouersonndeg
2. September: Familljendag mat Remisen um Iessen
3. September: Biergerdag
7. September: Braderie
9. September: Leschten Dag a Freedefeier um 22 Auer