Burkina FasoCroix-Rouge hëlleft verdriwwene Familljen no Solhan-Massaker

RTL Lëtzebuerg
D'Attack an der Nuecht op de 5. Juni war eng vun de bluddegsten an der Geschicht vum Land.
© Croix-Rouge

Iwwer 130 Persounen, Zivilisten, Militär, Kanner a Erwuessener sinn ëm d'Liewe komm. E puer Dose Mënsche goufe blesséiert, iwwer 1.000 Famillje sinn op der Flucht.

D'Lëtzebuerger Rout Kräiz engagéiert sech dowéinst den Ament aktiv, fir de Leit ze hëllefen, déi aus hirer Heemecht verdriwwe goufen.

D'humanitär Besoine si grouss a géinge vun Dag vu Dag weider klammen, betount de Raymond Ligban, Chef vun der Missioun vun der Croix-Rouge am Burkina Faso.

Méi Detailer iwwert d'Missioun a wéi een de Leit op der Plaz hëllefe kann, fannt Dir hei am Communiqué vun der Croix-Rouge.

Back to Top
CIM LOGO