
Op Nofro huet de Michel Wolter RTL confirméiert, dass doduerch seng Fra Nadine Braconnier net an de Gemengerot ka kommen.
D’Nadine Braconnier ass op der CSV-Lëscht déi Véiertgewielten, noréckelen dierft am Prinzip den André Schuster. Géif de Michel Wolter säi Posten als Gemengepapp iergendwann néierleeën, kéint seng Fra nees noréckelen.
D’Verdeelung vun den anere Posten am Schäfferot géif een nach klären, esou de Michel Wolter, deen dës Kéier net méi mat Déi Gréng koaléiert, ma elo eng Koalitioun mat der LSAP ageet.
De Buergermeeschter Michel Wolter hat déi meeschte Stëmme kritt.