CGDISCyclist a Foussgänger ugestouss

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Mëtteg koum et am Norden an am Oste vum Land zu Accidenter mat jee engem Blesséierten.

An der Mëttesstonn ass ee Vëlosfuerer, deen op der RN17 tëscht Furen a Veianen ënnerwee war, ugestouss. E Samu-Won an eng Ambulanz aus der Nordstad waren am Asaz, fir sech ëm de Blesséierten ze këmmeren.

Zu Éinen gouf op der Route du Vin géint 13.45 Auer iwwerdeems ee Foussgänger ugestouss a blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO