Dëse SamschdegDag vun der Lëtzebuerger Sprooch mat enger Hellewull Eventer uechter d'Land

Sarah Cames
Am Kader vum "Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch" ginn iwwer 70 Evenementer ugebueden - vu Liesungen, iwwer Ausstellungen an souguer Quiz-Rallyen.
Net just zu Lëtzebuerg, ma souguer a Japan gëtt et e Samschdeg Eventer zum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch.
© Domingos Oliveira / RTL

E Samschdeg geet den "Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch", deen dat Lëtzebuergescht an enge sëllegen Eventer uechter d'Land zelebréiert, a seng zweet Editioun. Um Programm sti ganzer 72 verschidden Optioune mat ënnert anerem Workshops, Ausstellungen, Concerten, Liesungen, Quizzen a Filmpremièren. Souguer zu Okinawa a Japan, wou aktuell ee linguistesche Projet Schoulkanner déi Lëtzebuerger Sprooch a Kultur méi no bréngt, gëtt et dëst Joer eng Veranstaltung fir den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch.

Besonnesch ervirzehiewen ass awer och de "LëtzCamp" am Stater INLL. An dësem Forum kritt een d'Geleeënheet, mat eegenen Iddien a Proposen zu der Zukunft vun der Lëtzebuerger Sprooch bäizedroen - an dat ganz konkret. Um LëtzCamp soll etabléiert ginn, "wou eis Sprooch steet, wat d'Chancen a wat d'Defie sinn, a wou nach en Hiewel ugesat sollt ginn", ass an der Beschreiwung vun der Veranstaltung ze liesen. Déi verschidden Diskussiounspunkte sollen d'Basis fir den nächsten Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch ginn.

E Kaweechelche begleet d'Leit duerch den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch. Als Maskottche gouf d'Déierchen ausgewielt, well et - nieft Wierder wéi "Seejomes" a "Gromperekichelcher" - eent vun de beléiftste Wierder bei Leit ass, déi d'Sprooch nei léieren. Ee klenge Clin d'oeil un déi international Communautéit ass dann och de Slogan "Dat ass ...", dee sech relativ ënnerschiddlech liest, deemno op een e Lëtzebuergeschen oder een Engleschen Hannergrond huet.

Organiséiert gëtt den Dag vum Kulturministère an Zesummenaarbecht mam Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) an en ass Deel vum Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Dee wëll dat Lëtzebuergescht net nëmme méi visibel maachen, ma der Sprooch och ee méi formelle Kader ginn an d'Léiere vum Lëtzebuergesche fërderen. Och déi Lëtzebuergesch Kultur soll am nämmlechten Otemzuch promouvéiert ginn.

De ganze Programm am Kader vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch fannt Dir hei.

Test Äert Lëtzebuergescht an eisem Quiz!

Wann Dir op dëser Plaz kee Quiz gesitt, da läit dat warscheinlech dorunner, datt Dir Är Cookies net acceptéiert hutt.

Back to Top
CIM LOGO