Wéinst FrontalierenDäitsch a franséisch Politiker fuerderen op en Neits e finanziellen Ausgläich

RTL Lëtzebuerg
Eng 170.000 franséisch an däitsch Frontaliere kommen all Dag op Lëtzebuerg schaffen, kréien hei hir Pai a bezuelen hei hir Steieren.
© RTL Grafik

Si géifen awer bei sech doheem vun den ëffentleche Leeschtungen, wéi zum Beispill de Schoulen an de Crèchë fir hir Kanner profitéieren. Däitsch a franséisch Politiker aus der Grenzregioun, dorënner den Tréierer Buergermeeschter, Wolfram Leibe, fuerderen elo an engem gemeinsamen oppene Bréif, dass dës Ongerechtegkeet aus der Welt geschaaft gëtt. Si proposéieren och d’Ariichtung vun engem gemeinsame Fong, aus deem grenziwwerschreidend Projete kéinte finanzéiert ginn.

Weider Detailer bei de Kolleege vum RTL 5minutes

Back to Top
CIM LOGO