Gemeng ConternDali Zhu gouf als Buergermeeschter, Arrensdorff an Thomé als Schäffen vereedegt

RTL Lëtzebuerg
Am Gemengerot hunn den 19. November 6 géint 5 Membere fir d'Koalitioun aus DP, LSAP an déi gréng gestëmmt.
© MAINT

Den neie Schäfferot zu Konter ka lo ufänke mat schaffen. Haut gouf den Dali Zhu am Inneministère als neie Buergermeeschter an domadder Successeur vun der Marion Zovilé-Braquet vereedegt ginn. D’CSV-Buergermeeschtesch war no méintelaangen Tensiounen an der Gemeng Konter wéinst Mobbingreprochen am Oktober vun hirem Posten zeréckgetrueden. Dorop hin hunn DP, LSAP an déi Gréng sech zu enger neier Majoritéit, ouni d’CSV, zesummegeschloss. Mat vereedegt goufen och den LSAP-Politiker Pol Thomé an de Gréngen Ari Arrendorff als éischten respektiv zweete Schäffen.

Déi nei Majoritéit zu Konter huet eng Majoritéit vu 6 Sëtz am Conseil. Géint 5 vun der CSV. Déi dräi Parteien hu sech an hirem Koalitiounsaccord dozou engagéiert fir nees “Vertrauen, Serenitéit a Kohäsioun” an d’Gemengen-Institutiounen ze schafen a kollegial zesummen ze schaffen. Wéi gesot waren d’Relatiounen tëscht de Vertrieder am Gemengerot a mat de Gemengenaarbechter an der Vergaangenheet nawell ferm ugespaant.

De 37 Joer alen Dali Zhu ass vu Beruff Restaurateur a Papp vun zwee Kanner.

Back to Top
CIM LOGO