
En Donneschdeg 30. Oktober ass de Bréif per Recommandé mat der Kënnegung definitiv un d’Gesondheetskees erausgaangen, heescht et e Freideg an engem Communiqué.
Et wier eng historesch Decisioun. De Kader wier fir d’Dokteren net méi acceptabel an hätt näischt méi mat enger moderner Medezin ze dinn. D’AMMD widderhëlt, datt een d’Prise en charge vun de Patiente verbessere wéilt, d’Patiente sollen zum Beispill méi séier bäikommen.
D’Doktere wéilte konstruktiv mat der Regierung an der CNS verhandelen, schreift d’Dokteschassociatioun, well elo eng nei Konventioun muss ausgehandelt ginn.
D’AMMD schwätzt an hire Prioritéiten, déi se wëlle verhandelen, net méi vun engem automateschen an obligatoresche Conventionnement, mä vun engem “selektiven”.
D’AMMD wéilt och iwwer eng “Tariff-Autonomie” vun den Dokteren an Zänndokteren diskutéieren. De Collège médical géif reegelméisseg iwwer d’Akte kucken an d’CNS misst decidéieren, wat se bäileet.
Invité vun der Redaktioun vum 24.10.25: Ëm Allerhellege gëtt d’Konventioun warscheinlech zu Graf gedroen
RTL-News vum 9.10.25: D’AMMD huet decidéiert, aus der Konventioun mat der CNS erauszeklammen
RTL-News vum 10.10.25: Annonce vun der AMMD kënnt am Gesondheetssecteur net gutt un