D'Dokteren erwaarde sech e kloert Signal vun der Gesondheetsministesch zu hire Gonschten. Op d'mannst déi vun der Doktesch- an Zänndoktesch-Associatioun.

Reaktiounen op Annonce vun der AMMD / Reportage: Pierre Jans

Sollt dat net de Fall sinn, huet d‘AMMD d‘Mandat vun hire Memberem, fir d‘Konventioun mat der Gesondheetskeess opzeléisen. Eng Annonce, déi just e puer Deeg virun den nächste Quadripartitesnegociatioune gemaach gouf, also a kruzialen Zäite fir d‘Zukunft vum Gesondheetswiesen hei am Land.
 
Fir d‘éischt kënnt déi Persoun zu Wuert, déi direkt Reprochë gemaach krut: D‘Gesondheetsministesch Martine Deprez.

"Mir sinn ënnerwee, fir déi Saachen ze realiséieren, déi am Regierungsprogramm stinn. Dat ass den Dokteren hir Haaptfuerderung, jo. Mir halen dat an, wat mir versprach hunn. Mir wäerten an den nächste Méint liwweren." 

Ob dat e kloert Signal a Richtung Dokteren ass, sief dohi gestallt. Déi wëlle jo ganz kloer séier Reforme fir méi Liberaliséierung fir hire Beruff a méi Servicer baussent de Spideeler. Ma fir unzefänke si si och net zefridde mat hiren CNS-Tariffer. D‘Spidolspersonal krut iwwer de Kollektivvertrag an der Moyenne eng 2.500 Euro d'Joer bäi, d'Dokteren hätten iwwer hir Tariffer 8.000 Euro Upassung no uewe verlaangt, kruten awer just 4.000 Euro ugebueden an hu refuséiert. Fir de Christophe Knebeler vum LCGB, deen als Vertrieder vum Salariat am Verwaltungsrot vun der CNS sëtzt, ass et elo ganz ongënschteg, wa Jalousie tëscht Prestatairen entstoe géif.

"Si hätten eigentlech op den eenzele gesinn an der Moyenne méi kritt. Si wären also finanziell net schlecht ewechkomm. Si kréien net de Maximum, mä op der anerer Säit ass d‘finanziell Säit jo net einfach a mir hu gekuckt, nach eppes ze verhandelen. Mir kënnen net novollzéien, dass dann esou e Sträitpunkt draus gemaach gëtt."

D'Doktere behaapten, hir Fuerderunge wären am Sënn vum Patient. Ma souwuel LCGB wéi och d'CNS selwer ginn ze bedenken, dass et vill Zäit géif kaschten, sollt d‘Konventioun tëscht AMMD an CNS effektiv opgeléist ginn. De Christian Oberlé, President vun der Gesondheetskeess:
 
"Mir si jo eng Assurance fir eis Assuréen. Mir interesséieren eis fir hir Ofsécherung. Eng Konventioun ass eng praktesch Ëmsetzung vun engem Gesetz, déi et operationell mécht. Wann déi Konventioun opgeléist gëtt, ass dat keng optimal Situatioun fir den Assuré. Dat beschäftegt eis natierlech. Mir wëllen näischt, wat dem Assuré näischt bréngt." 

12 Méint géif nach näischt änneren, et misst iwwer eng nei Konventioun negociéiert ginn. Wär duerno keen Accord zustane komm, misst d‘Regierung déi ganz Prozeduren tëscht Patient, Dokter an CNS per groussherzoglecht Reglement organiséieren. Dat wär manner präzis, wat de Gewerkschaftler Christophe Knebeler géif bedaueren:

"Hei ginn elo Ängschte bei den Assuréeë kreéiert. D‘CNS ass awer fir de Contraire do. Dofir musse mir déi Annoncen extreemst bedaueren." 

Virop well, e puer Sujeten, déi d‘Dokteschassociatioun bei den Tarifverhandlunge vermësst hat, wéi den Extra-Hospitalier zum Beispill, e Méindeg op der Quadripartite jo op der richteger Plaz kéinten diskutéiert ginn.