Neie Stater Sportkomplex zu HammD'Bierger goufe mat agebonnen  

Annick Goerens
De Projet vum enorme Sportkomplex zu Hamm, geet elo an déi zweet Phas.
© RTL Archivbild

E Freideg de Moie gouf am Stater Gemengerot nämlech den zweeten Deel vum Bauprojet mat engem Käschtepunkt vu ronn 111 Milliounen Euro gestëmmt. Dobäi geet et konkret ëm de Bau vun ënner anerem zwee Liichtathletik-Stadionen: een oppenen, een fir ze trainéieren an dann nach zousätzlech eng Hal fir am Wanter. Déi sollen fir d’Fréijoer 2029 fäerdeg sinn, wa Lëtzebuerg d’Spiller vun de klenge Länner organiséiert. Een ambitiéise Projet, deen awer och fir Kritik bei der Oppositioun suergt.

Neie Stater Sportkomplex / Reportage vum Annick Goerens

Scho wärend der éischter Phas haten d’Stater Gréng Bedenke geäussert. Zum Beispill, wat den Environnement ugeet an d’Gestioun vum Waasser op där Plaz zu Hamm. Et ginn awer nach aner Problemer, erkläert d’Linda Gaasch, Conseillère vun déi Gréng:

“Mir hunn e bëssen Bauchwéi bei deem Projet hei. An dat obwuel, oder grad well mir wëssen, dass et an der Stad u Sportinfrastruktur feelt. Ech wëll et nach eemol kloer soen: Mir sinn definitiv fir méi Sportinfrastrukturen, mee mir hunn d’Gefill, dass bei dësem Projet hei net un den Impakt, deen dat Ganzt wäert op de Quartier hunn, geduecht ginn ass. D’Bierger an d’Biergerinne vun Hamm mussen dréngend mat agebonne ginn. Mir brauchen onbedéngt ee Mobilitéitskonzept, fir, dass hei mat dem Projet net nach méi Verkéierschaos entsteet.”

Déi Stater Gréng hunn de Schäfferot dofir opgefuerdert, fir e Mobilitéitskonzept op d’Been ze stellen a fir an all Phas vum Chantier eng Consultation citoyenne ze maachen an d’Bierger richteg ze bedeelegen. Déi Motioun war net ugeholl ginn. D’Buergermeeschtesch Lydie Polfer:

“Do kann ech nëmmen soen: mir waren extrem vill mat de Bierger a Kontakt a si waren informéiert. A sou ware mer also d’lescht Joer, den 18 Mäerz hunn mir den Syndicat d’initative vun Hamm empfaangen. Wéini hu mer en elo empfaangen? Net méi spéit wéi den 1. Dezember. Do dertëscht ware mir awer nach 2 Mol do mat dem Syndikat a mat de Bierger.”

Wat d’Mobilitéit ugeet, huet den zoustännege DP-Schäffen Patrick Goldschmidt och eng kloer Meenung.

“Also sou schlëmm, gëtt dat do net. [...] Hei schwätze mer vun enger Sport-Infrastruktur an der Liichtathletik. Hei wäerte manner Leit all Dag passéieren, wéi der an d’Schoul niewendru ginn, manner Leit wéi zu Hamm bei der ADEM oder beim Ministère laanscht ginn. A selbstverständlech wäerte mer trotzdeem kucken, dass et sou mann wéi méiglech Inconveniente gëtt. Do wäerten da vläicht Kompetitiounen 2 bis 3 Mol d’Joer sinn, sou dass et de Weekend, à priori, ganz roueg do ofleeft.”

Donieft wier natierlech och en neie Bus-Arrêt virgesinn an e grousse Parking direkt nieft dem Stadion, sou de Patrick Goldschmidt.

Geplangt ass donieft och e groussen ëffentleche Park mat vill Gréngflächen, vill Beem an engem Uebst-Bongert fir d’Convivialitéit am Quartier, sou d’DP-Schäffe Simone Beissel. Donieft véier Spill-Arealer fir Kanner mat Klunschen, e Beach-Volleyball an e Basket-Terrain.

Back to Top
CIM LOGO