D'Wantersolden hunn ugefaangenD'Butteker lackelen nees mat ville Prozenter

Christophe Hochard
Wann d'Chrëschtgeschäft bis eriwwer ass, fänke kuerz drop an de Butteker nees d'Solden un. D'Wantersolden daueren 2020 vum 2. bis de 25. Januar.
D'Wantersolden hunn ugefaangen
Wann d'Chrëschtgeschäft bis eriwwer ass, fänke kuerz drop an de Butteker nees d'Solden un. D'Wantersolden daueren 2020 vum 2. bis de 25. Januar.

Wärend de Solde gëtt mat gudden Affären a Reduktioune gelackelt. Fir de Wanter-Stock lass ze ginn, zécken d'Geschäfter nämlech net, fir vill Prozenter op Artikelen ze ginn. En Donneschdeg war den Optakt vun de Wantersolden, déi gutt 3 Wochen daueren.

Gutt Affäre maachen ouni dobäi säi Portmonni ze vill ze strapazéieren - Dat ass d'Soldenzäit. Fir d'Geschäftsleit ass dës Period nieft dem Chrëschtgeschäft mat déi wichtegst am Joer.

Als Client ass et wichteg, fir sech direkt am Ufank vun de Solden op d'Sich no enger gudder Affär ze maachen. Well déi éischt Deeg ass de Choix nach méi grouss. Zemools elo an der Kleeder- a Schungbranche. Déi leschte Woche war et einfach net kal genuch, fir sech Wantergezei ze kafen.

Wärend d'Grande-surfacen nëmmen dëse Sonndeg ophunn, däerfen d'Geschäfter an de Stied och op den zwee nächste Sonndeger hir Diere fir d'Clienten opspären. Och an der direkter Grenzregioun Frankräich an an der Belsch hunn d'Solden ugefaangen, wat nieft dem E-Commerce eng grouss Konkurrenz fir d'Geschäfter am Grand-Duché dierft sinn.

Bis de 25. Januar daueren d'Wantersolden. Déi vum Summer kéint ee sech och schonn opschreiwen. Déi fänken de 26. Juni un an halen de 25. Juli op.

Back to Top
CIM LOGO