
Op enger Pressekonferenz e Mëttwoch de Moien huet den Deputéierte Marc Spautz zesumme mat der Co-Fraktiounspresidentin Martine Hansen Virschléi presentéiert, wéi Jugendlecher nees méi fir eng Léier an engem artisanale Beruff begeeschtert kënne ginn.
An der Grondschoul scho missten éischt handwierklech Experienzen am Léierplang virgesi sinn. D‘CSV fuerdert obligatoresch Stagen och fir Schüler am Lycée Classique. Am Secondaire missten et och Talent-Tester ginn, fir d‘Schüler no hire Stäerkten ze orientéieren.
Déi Chrëschtlech-Sozial fuerderen eng Opwäertung vum Techniker-Diplom. D‘Offer fir weider Studien am artisanale Beräich am Kader vu BTS- respektiv Bacheloretüde misst vergréissert ginn. D‘Karriär vun de Meeschteren am ëffentlechen Déngscht soll opgewäert ginn.
D‘CSV-Fraktioun mécht déi Proposen am Virfeld vun enger Interpellatioun vum Deputéierte Marc Spautz en Donneschdeg an der Chamber. Do wäert iwwer d‘Situatioun vun der Branche diskutéiert ginn.
D‘Handwierk kennt e grousse Personalmanktem. Déi sozial Unerkennung vum Beruff géif ofhuelen, bedauert den CSV-Deputéierten. Allerdéngs wär d‘Handwierk vun haut senger Meenung no „Hightech“.
Zu Lëtzebuerg ginn et 8.000 Betriber an der Branche a ronn 100.000 Aarbechtsplazen.