Chiffere vum Abrëll 2026De Chômagetaux bleift stabel bei 6,3 Prozent

RTL Lëtzebuerg
De Chômagetaux huet sech am Abrëll dëst Joer stabiliséiert.
© Domingos Oliveira

De Chômagetaux bleift deemno op 6,3 Prozent. Eng 20.140 Leit waren de leschte Mount op der Sich no enger Schaff. Am Verglach mam Abrëll 2025 ass et awer eng Hausse vun 8 Prozent. Besonnesch duerch vill héichqualifizéiert Chômeuren, ma och bei den Joboffere gëtt et eng signifikativ Hausse vu 14,7 Prozent am Joresverglach.

All d'Chiffere vun der Adem fannt Dir op hirem Site.

© RTL Grafik

Back to Top
CIM LOGO