
En Dënschdeg a Mëttwoch ass de Staatspresident vu Finnland, den Alexander Stubb, op offizieller Staatsvisitt hei zu Lëtzebuerg. Hien a seng Fra ginn en Dënschdeg de Moie mat militäreschen Éieren an enger offizieller Zeremonie virum Palais empfaangen, ier Gespréicher mat der groussherzoglecher Koppel ustinn. Dono leet déi presidial Koppel eng Gerbe bei der éiweger Flam néier.
Den Alexander Stubb empfänkt dann an Audienz, fir d'éischt de Chamberpresident Claude Wiseler, an dann de Premier Luc Frieden an de Vizepremier Xavier Bettel.
No engem Mëttegiessen ass eng scéance académique an der Stater Gemeng, an de finnesche President besicht och d'Europäesch Investitiounsbank an den Europäesche Geriichtshaff.
En Dënschdeg den Owend ass am Palais e Gala-Dinner. E Mëttwoch stinn ënnert anerem Visitte vun der Uni um Belval, a vun der SES zu Betzder un.