OpgepasstPolice warnt nees viru falsche Bankmataarbechter, déi de Leit d'Suen aus der Täsch wëllen zéien

RTL Lëtzebuerg
Esou e Fall vun angeblech gespaarte Bankkaarte gouf rezent zu Izeg gemellt. Ëmmer nees falen nach Leit op sou Bedruchsmaschen eran.
© Envato Wdnld

Zu Izeg ass den 23. November owes e méigleche Bedruchsversuch duerch falsch Bankmataarbechter gemellt ginn. No den éischten Erkenntnisser war e Mann vun enger vermeintlecher Bankmataarbechterin ugeruff ginn. Si hat behaapt, seng Bankkaarte wieren gespaart an e Mataarbechter géif laanschtkommen, fir dës ofzehuelen. Wéi eng Policepatrull op dëser Adress ukomm ass, ass e Mann geflücht. D'Ermëttlunge lafen.

D'Police warnt nach eng Kéier virun dëser Aart a Weis vu Bedruch. D'Täter gi sech um Telefon als Bankmataarbechter aus a behaapten zum Beispill, datt eng Bankkaart gespaart wier oder verdächteg Transaktioune festgestallt gi wieren. D'Police erënnert drun, ni Bankkaarten, PIN-Coden oder Zougangsdonnéeën un onbekannt Persounen erauszeginn. Banke schécken och keng Mataarbechter bei d'Leit heem, fir Bankkaarten oder vertraulech Donnéeën ofzehuelen.

Persounen, déi Affer vun esou engem Bedruch gi sinn, solle direkt hir Bank- a Kreditkaarten iwwer d'Nummer (+352) 49 10 10 späre loossen, LuxTrust iwwer (+352) 24 550 550 kontaktéieren an hir Bank informéieren, fir de WERO-Konto an, wann néideg, de Bankkonto provisoresch ze spären. Ausserdeem soll eng Plainte bei der Police gemaach ginn.

Weider Informatioune fannt Dir um Site vun der Police.

Back to Top
CIM LOGO