Aarbechte fänken am Hierscht 2027 unDe Parc Merveilleux gëtt am Kader vum 70. Anniversaire massiv ausgebaut

RTL Lëtzebuerg
Bis 2030 soll den Ausbau vum Beetebuerger Park fäerdeg sinn. Niewent Iwwernuechtungsméiglechkeeten, wäerten och grouss nei Attraktiounen, wéi eng Achterbunn oder eng Wildwasser-Bunn, bäikommen.
Och wann dëst just e generéiert Bild ass, kéint d'Entrée virum Beetebuerger Park geschwënn esou oder änlech ausgesinn.
Och wann dëst just e generéiert Bild ass, kéint d’Entrée virum Beetebuerger Park geschwënn esou oder änlech ausgesinn.
© RTL

Zënter 1956 besteet den Traditiounspark zu Beetebuerg elo schonn, dëst Joer am Mee kritt de Parc Merveilleux also seng 70 Joer. An deem Kader wäert de Park an den nächste Jore massiv ausgebaut ginn, d’Aarbechte wäerten am Hierscht 2027 ufänken.

De Beetebuerger Parc confirméiert d’Pläng an engem Schreiwes un RTL

Geplangt ass net nëmmen e klengen Ausbau, mä et soll massiv an de Park zu Beetebuerg investéiert ginn. Geplangt sinn dem Park no iwwer 60 Milliounen Euro, déi, an enger éischter Phas, zum gréissten Deel vun der däitscher Fräizäitpark-Bedreiwer-Firma THEO LIRPA Rides GMBH & Co KG gedroe géif ginn. Dat huet eis op Nofro hin och de Beetebuerger Park an engem Schreiwes confirméiert. Et hätt een awer u sech wéilte mat der offizieller Annonce bis Enn dës Joers waarden, well de Park 2027 den Anniversaire offiziell feiere wäert.

“Éischt Gespréicher mat engem däitsche Bedreiwer, deen a ganz Europa Erliefnesparke bedreift, lafen effektiv schonn zënter enger Zäit. Natierlech zesumme mat der Beetebuerger Gemeng. Am Moment sinn d’Méint Oktober-November 2027 ugepeilt, fir déi éischt Aarbechte vum Ausbau, vun deem Moment un, wäert de Park dann och warscheinlech direkt komplett oder partiell zougemaach ginn. Do virdru feiere mir awer nach eise ronne 70. Gebuertsdag”, sou déi Responsabel vum Beetebuerger Park, déi op Nofro hi keng Detailer zu de konkrete Pläng konnten oder wollte ginn.

Däitsch Firma, spezialiséiert op den Ausbau vu Parken, huet sech der Aufgab ugeholl

Méi konkret dogéint gëtt de Porte-Parole vu THEO LIRPA Rides GMBH & Co KG, den Nikolas Kuske, deen och Ufank Januar bei enger éischter grousser Gespréichsronn dobäi war. An engem kuerze Statement iwwer Telefon, schwätzt hien am Kader vum Parc Merveilleux vun engem richtege Geheimtipp, dee Mataarbechter vun hinne wärend engem privaten Ausfluch op Lëtzebuerg kennen a schätze geléiert hunn.

“Für uns war der Parc Merveilleux ein echter Geheimtipp. Er hat eine lange Tradition, eine starke emotionale Bindung in der Bevölkerung und gleichzeitig ein enormes ungenutztes Potenzial. Luxemburg liegt strategisch günstig, im Herzen Europas, und Beetebuerg bietet genau die Mischung aus Natur, Platzreserven und guter Erreichbarkeit, die wir für ein Projekt dieser Größenordnung brauchen. Dass die Gemeinde eher klein ist, sehen wir nicht als Nachteil oder als umständlich, ganz im Gegenteil. Hier können wir etwas Einzigartiges schaffen, ohne in bestehende Großstrukturen eingreifen zu müssen.”

Op eis Nofro hi rechent ee wéi gesot mat ronn 60 Milliounen Euro, déi an enger éischter Phas onbedéngt missten investéiert ginn, dat fir eng nei Opdeelung vum Park an Theemeberäicher, nei Attraktiounen, en Hotel, zousätzlech Restauranten an eng “komplett nei Parkplaz- a Verkéiersinfrastruktur, sou wéi ëmfangräich Moderniséierungsaarbechten am Park”. Et wier “e grousse Projet” an et wier een “iwwerzeegt”, dass et sech fir de Standuert rentéiere wäert:

Den Nikolas Kuske betount, dass ee sech laangfristeg engagéiere wéilt

“Wir sind hier noch in der Anfangsphase der Gespräche, ich möchte hier den momentanen Verantwortlichen natürlich nicht vorgreifen. Aber für uns ist das ganz klar ein langfristiges Engagement. Wir wollen den Park nicht nur modernisieren, sondern ihn zu einem der führenden Erlebnis- und Familienparks Europas entwickeln, etwas das sich natürlich auch für den Tourismus im Süden Luxemburgs lohnen wird.”

Eng éischt provisoresch Iwwersiicht, wéi d'Opdeelung spéider kéint ausgesinn.
Eng éischt provisoresch Iwwersiicht, wéi d’Opdeelung spéider kéint ausgesinn.
© RTL

Aarbechten dauere wuel bis 2030, Park kéint deelweis opbleiwe, d’Déiere bleiwen

Och dem Nikolas Kuske no wier de Start vun den Aarbechten elo Mol fir Enn 2027 geplangt. Him no kéint eventuell an e puer Etappe geschafft ginn, sou dass de Park wärend den Aarbechten deels fir de Public opbleiwe kann, eppes dat der Gemeng bei den éischte Gespréicher och entgéintkomme géif. Dëst géif ee säitens dem Bedreiwer och gutt verstoen. Dobäi kënnt, dass d’Déieren an d’Infrastrukturen, an deene se sech befannen, jo weider alimentéiert musse ginn.

De Park soll ganz kloer Déierepark bleiwen. Eventuell géif ee verschidden Déiere méi wäit vun e grousse Spiller an dem Kaméidi verleeën, wéi anerer, net dass Panik hei ausbrécht. Ma dat géif een hikréien. Och de Ris bleift, soll souguer warscheinlech eng Madame “Ris”, als Begleedung kréien, schliisslech géif d’Gläichberechtegung och an der Märercherswelt gëllen.

2030 kéint ee fréistens komplett mat den Aarbechte fäerdeg sinn, sou Projete géifen an der Reegel den Zäitplang och anhalen, well ee wéi gesot de Park partiell kéint zoumaachen an een esou natierlech méi séier viru kënnt.

Eng Achterbunn, eng Waasserbunn an en 3D-Simulator si lo mol geplangt

Op d’Fro hin, op wat ee sech a punkto Neierunge freeë kéint, schéngen et dann awer scho ganz konkret Pläng ze ginn:

Den Nikolas Kuske iwwert d’Neierungen am Parc Merveilleux

“Neben dem neuen Hotel und Restaurants wird es eine große Achterbahn und eine Wasserbahn geben, einen 3D‑Simulator, neue Themenbereiche und zusätzliche Tiergehege, die nach modernsten Standards gestaltet werden. Auch die Infrastruktur wird komplett überarbeitet: neue Wege, neue Versorgungssysteme, ein nachhaltiges Energiekonzept und ein deutlich erweitertes Parkplatzangebot. Kurz gesagt: Der Parc Merveilleux wird einmal komplett neu gedacht.”

Hei eng aner Siicht op de Park, wéi e kéint an Zukunft ausgesinn. Wéi gesot, dëst ass nach keen offizielle Plang, ma just fir eng Iddi ze ginn, sou d'Bedreiwer-Firma.
Hei eng aner Siicht op de Park, wéi e kéint an Zukunft ausgesinn. Wéi gesot, dëst ass nach keen offizielle Plang, ma just fir eng Iddi ze ginn, sou d’Bedreiwer-Firma.
© RTL

Et wier een am Moment a reegelméissegem Kontakt mat der Gemeng Beetebuerg an de momentane Bedreiwer vum Park. Dat wier der däitscher Firma och ganz wichteg. Hei misst zesummegeschafft ginn, e Projet vu sou enger Gréisst wier soss net realiséierbar an och net am “Spirit” vun der däitscher Bedreiwer-Firma. Op de Parc den Numm “Parc Merveilleux” behale wäert a wie schlussendlech de Parc weider bedreiwe wäert, wier nach net definitiv gekläert, hei wier een nach an engem ze fréie Stadion vun de Verhandlungen. Eng weider Iddi wier et, all Lëtzebuerger Resident déi éischt Entrée am neie Park ze schenken, ma och dat, steet nach an de Stären.

Iwwregens huet de Park eréischt virun e puer Deeg seng Dieren nees regulär fir de Public opgemaach. Eventuell fir déi leschte Kéier an dëser Form?

Back to Top
CIM LOGO