
De Paul Greis gouf 2005 fir seng Partei an de Gemengerot gewielt, an deem hie bis 2022 aktiv war - dovunner ee Joer als Schäffen, nodeem 2010 de Marc Schlammes zeréckgetruede war.
Berufflech war de gebiertegen Hueschter bei der Swissair a Luxair aktiv, wou hien och iwwer Joren de Porte-parole vun der Airline war.
Als Futtballbegeeschterte war de Paul Greis wärend Joerzéngte beim US Hueschtert als aktive Spiller a Kapitän aktiv an och nach Vize-President, nodeem seng aktiv Carrière eriwwer war. Och fir aner lokal Clibb an hiert Uleies war de Paul Greis ëmmer disponibel.
De Paul Greis war dann och laang Jore Präsident vun der Nidderaanwener Sportskommissioun an huet d'Gemeng an der Sirdall Schwemm a beim Waassersyndikat vun der SEBES (SEC) vertrueden.
De Verstuerwenen hannerléisst seng Fra, 3 Jongen a 5 Enkelkanner.