
Aktuell kréien 10.000 Stéit, deemno 24.000 Persounen, de REVIS, deen op den 1. Januar 2019 de garantéierte Mindestakommes – den RMG - ersat hat. Famillje mat Kanner a méi spezifesch Monoparentauxen hätten elo tëscht 19 an 51 Prozent méi finanziell Moyenen ewéi mam RMG. Domat hätte si méi Suen zur Verfügung ewéi de Minimum, deen ee bräicht, fir hei am Land dezent kënnen ze liewen. Bemol ass sécherlech, dass Stéit ouni Kanner respektiv Jonggeselle par rapport zum RMG mam REVIS e bësse verluer hunn. Dem Familljeminister Max Hahn no wär dat eng Baustell fir déi nächst Regierung.
Zil vum REVIS war et och, déi Concernéiert ze motivéieren, nees schaffen ze goen. “Aktivéieren” war do d’Stéchwuert. D’Mesurë vum Office national d’inclusion sociale a vun der ADEM, fir déi richteg Profiller op déi passend Plazen ze vermëttelen, hätte gegraff, heescht et am Rapport. D’Zesummenaarbecht tëscht de verschiddenen Administratioune wär besser ginn. Et wär awer nach Loft no uewen a puncto Kommunikatioun a Prozeduren.
Kritik vun déi Lénk
Déi Lénk kritiséieren an engem Communiqué, dass d’Evaluatioun vum REVIS “kuerz niewelaanscht” mat zwee Joer Retard a ganz um Enn vun der Legislaturperiod presentéiert ginn ass. Déi Lénk fuerderen op en neits, dass de REVIS fundamental misst reforméiert ginn.