"Éischten Dag war direkt eng grouss Enttäuschung"De Robi Gales huet e Liewe laang op der Arbed Belval geschafft

Christophe Hochard
38 Joer huet de Robi Gales op der Schmelz um Belval geschafft. Säi Papp a seng zwee Bridder hunn och bei der Arbed hiert d'Brout verdéngt. Am Joer 1995 goung de Schmelzaarbechterjong an d'Pensioun.  

De Robi Gales kënnt aus enger Schmelzaarbechter-Famill. Zu Esch um Katzebierg ass hie grouss ginn. Hei hu Famillje mat bis alt 10 Kanner gewunnt. Den 21. Juni 1938 gebuer, war de Robi Gales de jéngste vu véier Kanner. “Ech hat ëmmer Spill-Kolleegen. Mir hunn eis de ganzen Dag op de Minettstippen erëmgedriwwen. Um Katzebierg, an der Hiel an am Ellergronn. Mir hunn der och alt emol gestiicht awer kee gefaart”. Esou de 87 Joer ale Mann am RTL-Interview.

“All 3 Wochen owes um 10 Auer mengem Papp d’Iessen op d’Schmelz gedroen”

Op déi Manéier koum de Robi Gales mat der Arbed a Kontakt. “Mäi Papp hat de laangen Tour dann. Dat war eng Mëttesschicht an eng Nuetsschicht direkt hannendrun. Hie war Äerzmachinist op Terre Rouge.” Ausserdeem hunn dem Robi seng zwee Bridder op der Schmelz geschafft: “De Jang als Elektriker an de Roger als Schräiner.”

“Et hat och Virdeeler, op der Schmelz ze schaffen”.

Dëst erzielt mir den eeleren Här wärend eisem Gespréich am Dezember 2025:

An der Léierbud um Belval huet de Robi Gales seng Léier als Elektriker gemaach. Duerno koum e Stage am Walzwierk op dräi Schichten derbäi. Zum Schluss goung et nach dräi Joer op den Technikum. 1960 huet den Escher du säin Diplom an der Täsch. No sengem Militärdéngscht koum de Här Gales an den elektromechanesche Betrib vun den Héichiewen op der Arbed Belval. “Meng éischten Ustellung als ingénieur - technicien hunn ech den 01. Juni 1965 kritt”. Ganz houfreg erzielt hie mir dëst. “Déi éischt zwee Joer hunn ech als Zeechner fir déi al Iewe geschafft. Skizzen, Zeechnungen”.

1911 gouf d’Schmelz um Belval gebaut. sechs Héichiewen, secha Thomas-Konverteren a siwe Walzstroossen hat d’Schmelz. De Robi Gales war bei den Neibaute vun den Héichiewen A a B dobäi. “Den A ass 1965 ugaangen an de B am Joer 1970. D‘Roll vun den Héichiewen ass d’integréiert Schmelze mat Goss ze versuergen. Dëst si Schmelzen, wou och e Stol- a Walzwierk derbäi ass. 1979 ass e giganteschen Héichuewen C a Betrib geholl ginn. Elo war Belval nach déi eenzeg Schmelz, déi Goss a Stroum gemaach huet. Belval huet och Déifferdeng a Schëffleng mat Goss a Gas versuergt. Dofir sinn dann och déi grouss Torbedopochen gefuer, déi 200 oder 320 Tonne Goss transportéiert hunn.”, sou de Robi Gales am Gespréich.

“Bis 1.100 Leit hunn eleng nëmmen am Héichuewebetrib geschafft”

D’Traktioun, d’elektresch Zentral an d’Gebléishal. Dëst si wichteg Deeler vun enger Schmelz. Hei hunn dowéinst och vill Leit geschafft. “Am Ufank hu vill Däitscher hei geschafft. Vum No-Krich u sinn et d’Fransousen, déi hei an der Majoritéit sinn”.

1913 hunn 3.100 Aarbechter um Belval geschafft. 1928 waren et 6.200. Wärend der Krisenzäit an den 30er Jore goufe vill Leit entlooss. 3.800 Aarbechter hunn 1939 hiert Brout op ARBED Belval verdéngt. 1961 hu 6.400 Leit hei geschafft. Dat war de Maximum. Bei dës Zuel kommen nach 800 bis 1.000 Beamten derbäi. Am Joer 2008 hunn nach tëscht 800 bis 850 Mënschen um Belval bei Arcelor Mittal geschafft.

1974 war d’Maximalproduktioun bei 5,5 Milliounen Tonne Goss a 6,5 Milliounen Tonne Walzprodukter.

“Den éischten Dag war direkt eng grouss Enttäuschung”

Op der Schmelz goufen et och vill Geforen. Dëst huet mir de Robi Gales wärend dem Interview erzielt. “Goss- an d’Schlakekulangen waren eng Gefor. Nodeem dass de Goss gelaf ass an de Schlak, ass et uewendriwwer kal a schwaarz ginn. Munchmol ass dann en Aarbechter an dëse Kullang getrëppelt an dann ass en agesackt a mam Fouss an dee flëssege Goss. Do waren d’Verbrennunge ganz schro. Net wäit vum Uewen ewech hate mir eng Branddusch. Do konnt de Fouss direkt gekillt ginn”. Sou de fréieren Aarbechter vun der Arbed Belval.

“Äddi Schmelz”

Den 01. Juni 1995 war de leschte Schaffdag vum Robi Gales. No 38 Déngschtjoren op ARBED Belval bei den Héichiewe goung et an d’Pensioun. Mat 56 1/2 Joer. “Et war en normalen Dag. Ech sinn Äddi soe gaange bei d’Kolleegen”. An der “Klensch” zu Monnerech gouf Abschid geféiert. “Jidderee war komm”. Hei laacht de Robi Gales iwwert d’ganzt Gesitt. “Ech si gutt gelueft ginn, och wann ech munchmol vernannt gi sinn, déi Zäit, wou ech geschafft hunn”.

Mat gemëschte Gefiller ass de Robi Gales an d’Pensioun gaangen. Engersäits gouf ugefaange mat spueren. Anerersäits waren hei all d’Kolleegen. “A la fin du compte ech si gäre schaffe komm. Et huet mir Spaass gemaach. Hei war ëmmer eppes lass. Monoton war et ni. Ech war awer och frou, dass ech all déi Jore kee schwéiert Accident hat”.

Den 31. Juli 1997 war Schluss mat den Héichiewen op der Arbed Belval. De Robi Gales huet mat e puer Kolleegen d’Amicale Héichuewen A a B gegrënnt. Op dës Manéier kann de kommende Generatiounen d’Héichiewen a wat soss nach wichteg op enger Schmelz war, gewise ginn.

Den 1. Dezember 2026 féiere si da fir déi 20. Kéier de Saint Eloi, de Patréiner vun de Schmelzaarbechter.

E Schmelzaarbechter am Portrait.
De Robi Gales huet e Liewe laang op der Arbed Belval geschafft.

Back to Top
CIM LOGO