Handwierksdag am LTEttDe Schüler vun de 5ième-Klassen d'Handwierk méi no bréngen

Chris Meisch
Schüler vun de 5ième-Klasse vum Lycée Technique zu Ettelbréck entdecken d'Handwierk.
Den Interessi bei de Schüler war grouss.
Den Interessi bei de Schüler war grouss.
© Chris Meisch

Mat 9.000 Handwierksbetriber a ronn 103.000 Mataarbechter gëtt d’Handwierk ëmmer als Réckgrat vun der Ekonomie bezeechent. Ewéi a villen anere Secteuren ass et net einfach, Nowuess ze fannen. De Lycée Technique zu Ettelbréck wëll do eng Hand upaken an huet dowéinst e Mëttwoch fir d’zweete Kéier en “Handwierksdag” organiséiert, ënnert dem Slogan “Beruffer mat Zukunft”. Schüler aus de 5ième-Klasse kruten d’Méiglechkeet, sech mat verschiddene Patronen auszetauschen. Dat ware 17 Patronen oder Manager aus dem Handwierk am breede Sënn. Well et geet vun industrielle Betriber, iwwer Betriber am Handel bis hin zu méi klasseschen Handwierksbetriber, ewéi enger Schräinerei. D’Schüler vum LTEtt, dat si ronn 180 Schüler. Se konnte sech fënnef verschidden Atelieren aussichen, wou si e Metier gewisen a praktesch Informatioune kruten.

De Sënn vum Event läit op der Hand: de Jonken en Abléck an d’Praxis ginn, Virurteeler ofbauen an de Message mat op de Wee ginn: “fänkt fréi genuch mat der Beruffsorientéierung un”.

Vill Betriber ware schonn zejoert um éischten Handwierksdag vertrueden. Esou wéi de Mike van der Goot, Patron vun engem Coiffeurssalon, dee selwer eemol Schüler am Ettelbrécker Lycée war. Hien huet sech viru véier Joer selbststänneg gemaach a wollt deenen no him säin Alldag weisen an Tipps ginn, fir den éischte Schrëtt an d’Beruffswelt oder an d’Selbststännegkeet.

“Ech presentéiere mech mol eng Kéier an da ginn ech ganz vill drop an, wat maachen d’Schüler, wat wëllen d‘Schüler gären an ech hu gemierkt, dass wann s du méi drop agees, wat si wëllen héieren, dass du méi een Dialog kriss tëschent de Schüler a mir selwer als Coiffer.”

Den Handwierksdag war fir d'5ième wichteg, well et an deem Joergang ass, wou d’Schüler mussen entscheeden, a wéi eng Richtung si dat nächst Schouljoer wëlle goen.

De Fränk Friess, Direkter vum LTEtt, erkläert:
“De richtege Kontakt mat enger Persoun, mat där ee ka schwätzen, feelt ganz dacks um Terrain. Dofir mengen ech, dass dat hei ee ganz wichtege Moment ass fir déi Jonk, awer och fir d’Betriber, fir sech ze weisen a sech ze presentéieren. Well de Jonken, dee weess nach net direkt, wat hie wëll maachen an et geet drëms, dass d’Gesellschaft, dass mir als Schoul weisen, wat d’Méiglechkeete sinn.”

De Laurent Winkin, deen ass Proff am Ettelbrécker Lycée an den Handwierksdag mat organiséiert huet, fënnt et wichteg, dass Schüler a Patron sech fréi genuch begéinen:
“Ween ass besser opgestallt wéi de Patron, fir dem Schüler authentesch ze weisen, wéi den Handwierksberuff ass? Wéi eng Passiounen een an engem Handwierksberuff kann hunn an ob do Perspektive sinn. Op esou engem Handwierksdag wéi haut, si mir immens frou, dass déi Begéinung esou ka stattfannen a mir gesinn och d’Begeeschterung dobaussen, souwuel bei de Patronen, wéi och bei de Schüler.”

Awer och d’Ofschlossklasse kruten e Mëttwoch am Nomëtteg Kontakt mat de Betriber. Déi si scho méi no beim Antrëtt an d’Beruffswelt a konnte, wa se wollten, scho CVe mat op de Wee ginn.

D’Begeeschterung war dem Lycée, de Betriber, mee och de Schüler no grouss. Deemno kann een dovunner ausgoen, datt et och en drëtten Handwierksdag wäert ginn.

Back to Top
CIM LOGO