
Et ass awer ewell scho gewosst, datt de Staat wäert Koproprietär vum Héichhaus ginn.
Via e Gesetzesprojet gesäit de Staat vir, sech mat knapp 274 Milliounen Euro an de Projet vum neien Gebai vum Stolgrupp anzekafen. Dat mécht d’Hallschent vun der Koproprietéit aus.
D’Gebai mat enger ganz spezieller Stol-Glas-Fassad an engem banneschten Atrium huet den Numm K22 a gouf vum Architektebüro Wilmotte&Associés entworf.
Wéi eng staatlech Verwaltungen a Ministère wäerten an dat neit Gebai mat sengen 61.000 Meter-Carré eraplënneren, preziséiert de Gesetzesprojet vun der Finanzministesch Yuriko Backes net. De Staat wäert um Enn op 15 Stäck present sinn.
De Chantier fir de K22 hat eréischt zejoert, amplaz ewéi ursprénglech geplangt 2021, ugefaangen. 2024 soll den neie Siège vun Arcelor Mittal dann ageweit ginn. D’Käschten dierfte sech am Endeffekt op mindestens eng hallef Milliard Euro belafen.