
En Donneschdeg am Nomëtteg géint 17 Auer hat eng Patrull vun der Police en Drogendeal an der Stad observéiert. Beim presuméierten Dealer sinn no enger Kontroll 17 eenzel verpak Drogebulle fonnt ginn. D'Drogen, en Handy a Boergeld goufe saiséiert, de Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Freideg de Moie virun den Untersuchungsriichter.
Owes huet d'Police judiciaire dann an Zesummenaarbecht mat der Spezialunitéit vun der Police en international gesichte montenegrinesche Staatsbierger festgeholl. Vun de montenegrineschen Autoritéite louch géint de Mann eng sougenannt "Interpol Red Notice" vir. Hie gouf wéinst der Hierstellung, dem Besëtz an dem Verkaf vun Droge gesicht. D'Lokaliséierung vum Mann, wéi och seng Festnam sinn am Kader vun der internationaler ENFAST-Zesummenaarbecht (European Network of Fugitive Active Search Teams) geschitt, engem Kooperatiounsreseau zu deem souwuel Lëtzebuerg wéi och de Montenegro gehéieren.
An der Nuecht op e Freideg dann en Asaz zu Suessem: Géint 0:30 Auer gouf der Police en Abroch an en Auto an der Rue de la Chiers gemellt. Wéi d'Beamten op d'Plaz koume war eng Scheif vum concernéierte Gefier scho futtigeschloen, den Täter soll mat engem anere Gefier geflücht sinn. No enger Sich gouf hien dunn awer fonnt, beim Versuch e festzehuelen, huet de Verdächtege sech gewiert an huet ee vun de Policebeamte blesséiert. Hie selwer gouf allerdéngs och verletzt. Déi aus dem Auto geklaute Saache konnte séchergestallt an un d'Besëtzerin zeréckgi ginn. Och hie koum op Uerder vum Parquet e Freideg de Moie virun den Untersuchungsriichter.