
Dës Woch elo goufen am Kader vun dëser Affär zwee Verdächteger hei am Land festgeholl. Dat huet de Parquet eis op Nofro hi confirméiert. Et handelt sech ëm Persoune vu 44 an 71 Joer, déi a Frankräich wunnen. Si ware via europäeschen Haftbefeel gesicht ginn, dee vum franséische Parquet Coutances ausgestallt gi war. D'Prozedure lafe fir d'Leit u Frankräich auszeliwweren.