
Et brauch een 100 bis 120 Bluttspender den Dag, fir de Besoin vum Land ofzedecken. An de leschte Woche wieren awer just 60 bis 70 Spender den Dag komm. Doduerch wier ee bei der Croix Rouge ënnert dem minimale Seuil u Bluttkonserven, déi ee gären hätt.
D’Appelle vun der Croix Rouge wieren net esou ukomm, wéi ee sech dat erhofft hat. Méiglecherweis wieren d’Bluttspenden ausbliwwen, well d’Leit an de leschte Woche wuel net ëmmer hätte kënnen esou komme wéi se wollten, erkläert d’Doktesch Andrée Heinricy. Grënn dofir kéinte gewiescht sinn, dass vill Leit eng Gripp oder Covid haten.
Dofir gëtt elo probéiert, een Effort ze maachen, fir de Stock nees opgefëllt ze kréien. Et hofft ee virun allem op déi registréiert Spender, déi villäicht iwwer d’Feierdeeg net komm sinn, oder well se an der Vakanz waren. D’Doktesch appelléiert elo un all déi Leit, déi ugeschriwwe goufen an net krank sinn. Awer och un déi, déi hire Patron villäicht mussen e bëssi iwwerzeege fir ze kommen.

D’Zuel vun de Bluttspender, déi am Register sinn, ass iwwer déi lescht Jore mat tëscht 13.000 a 14.000 stabel bliwwen. Problematesch wier dëst trotzdeem, well de Chiffer vun der Bevëlkerung am Land konstant an d’Luucht geet, mierkt d’Andrée Heinricy un. Dofir hofft si, dass och nei Leit sech mellen, fir Bluttspender ze ginn.
Neie Spender ka jiddereen tëscht 18 a 60 Joer ginn, deen iwwer 50 Kilo huet a bei gudder Gesondheet ass. Eng besonnesch Bluttgrupp géing dobäi net gesicht ginn, well all Bluttgrupp proportional zu deem gebraucht gëtt, wéi se an der Bevëlkerung verdeelt ass.
D’Transfusiounszentere sinn an der Haaptstad an zu Esch. Ma d’Croix Rouge fiert och ënner anerem op Sitten zu Wolz, Clierf, Ettelbréck a Gréiwemaacher.
Weider Infoe sinn ze fannen op www.dondusang.lu