Virun der Corona-Kris gouf geschat, datt dëst Joer 314 Gigawatt Stonne Stroum vu Wandmille produzéiert ginn, dat entsprécht dem Verbrauch vun ongeféier 170.000 Persounen.
Eleng am neie Wandpark zu Wëntger, an deem 7 grouss Wandmille stinn, gëtt Stroum fir 35.000 Persoune produzéiert, mä och do kritt de Bedreiwer d'Konsequenze vum Coronavirus ze spieren.
Dat läit virop dodrunner, datt Lëtzebuerg den Ament nach ëmmer als Risikogebitt gëllt. Fir de Claude Boever, de Bedreiwer vum Wandpark zu Wëntger, bedeit dat den Ament zum Beispill, datt et schwéier ass, fir Monteuren op d'Plaz ze kréien.
"Déi Millen hei, dat ass en däitsche Konstrukteur an déi di sech den Ament ganz schwéier, Monteuren ze schécken. D'Zil ass dann, wann et nëmmen iergendwéi geet, esou vill wéi méiglech flécken ze loossen."
En zweete Problem, mat deem de Bedreiwer vum Wandpark den Ament konfrontéiert ass, ass de Stroumverbrauch. Dee wier an de leschte Méint massiv gefall.
"Dat heescht mer hunn zum Deel negativ Stroumpräisser an da mussen d'Millen, dem Lëtzebuerger Einspeisegesetz no ausgedréint ginn. Dëst Joer hate mer dat, vun un datt dee Corona koum, ëmmer de Weekend, wa vill Loft war a vill Sonn. Wa vill Renouvelabeler erapompelen, wann d'Fabricken zou sinn, wann d'Leit all doheem sinn, dann hat een dat praktesch all Weekend. De Summer ass et elo besser, mä dann ass jo keng Loft, dann ass et net esou schlëmm, mä am Fréijoer hate mer grouss Perten."
Nieft deene 7 Wandmillen, déi am neie Wandpark zu Wëntger stinn, ginn et nach 16 anerer an der Gemeng. Wandenergie ze produzéieren, ass fir Wëntger, déi Gemeng, déi vun der Fläch hier déi Gréisst aus dem Land ass, längst näischt Neies méi. Déi éischt Mille goufe virun 20 Joer opgeriicht. Generell goufe se gutt vun de Leit acceptéiert, seet de Buergermeeschter Marcel Thommes, och wann natierlech d'Angscht do gewiescht wier, si géingen d'Landschaft verschampeléieren oder ze vill Kaméidi maachen. Wann et dem Gemengepapp nogeet, kommen awer elo keng nei Mille méi dobäi.
"Ech hunn op alle Fall den Androck, wéi wa mer op de Limitten ukomm wieren an eigentlech hu mer eis och schonn decidéiert, datt et géing duergoen."
D'Wandenergie, dat betount de Bedreiwer vum Wandpark zu Wëntger, ass op alle Fall am Sënn vun eiser Zäit, ma och de Claude Boever ka sech net virstellen, datt iergendwann op all Kopp eng Wandmille steet. Eng Konkurrenz ass fir hien d'Photovoltaik.