Foire AgricoleDe Weekend vum 5. Juli dréit sech nees alles ëm d'Landwirtschaft

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 340 Exposanten sinn dëst Joer dobäi. Natierlech gëtt och nom Wuel vun den iwwer 500 Déieren gekuckt.
© Danielle Goergen (RTL)

“Mënschen an hirem Beruff.” Dat ass dëst Joer de Slogan vun der Foire Agricole.  De Weekend vum 5. Juli dréit sech zu Ettelbréck nees alles ronderëm d’Landwirtschaft a regional Produiten. D’Virbereedunge lafen elo schonn op Héichtouren.

Foire Agricole - Reportage Danielle Goergen

Esou munches huet sech zwar iwwert déi lescht Woche schonn an den Däichwise gedoen. Eleng 160 Zelter mussen opgeriicht ginn, dat dauert e bëssen. Bis de 5. Juli bleift dofir nach vill ze dinn. No der Foire ass souwisou virun der Foire, esou den Ettelbrécker Schäffe Bob Steichen, dee sech méi intensiv ëm d’ Foire këmmert.

“Et ass scho mat immens vill Aarbecht verbonnen.  All déi Leitungen déi musse gezu ginn, Stroum a Waasser muss alles ugeschloss ginn.  An dann natierlech eis Organisatioun-Team, wat jo eigentlech dat Ganz Joer un der Foire schafft an déi Equipe, déi 3 Leit si wierklech dat ganz Joer ganz aktiv um plangen. Et ass wierklech vill Aarbecht fir alles op d’Been ze setzen.”

Zanter Joerzéngte schonn ass d’Akerbauschoul mat dobäi.  De ganze Weekend iwwer hëllefen d’ Klassen an d’ Enseignanten op hirem Stand. Den Direkter Tom Delles:

 “Mir maachen ebe ganz vill Projeten, ob dat um nationalen oder internationale Plang ass déi an der Landwirtschaft– dat ass och e Sense large – ugesidelt sinn.  Fir eis ass dat hei eng Méiglechkeet ze weisen, wat mir maachen.  Anerersäits och déi interessant Ausbildungen ze weisen déi mir hunn, eben net nëmmen am Beräich Landwirtschaft, mee och all de Recht.  Ech mengen et ass eng Foire fir de Grand Public wou jiddereen dat matkritt a mir sinn eenzegaarteg am Land als Schoul an dat wëlle mir dann och weisen.”

Iwwer 340 Exposante sinn dëst Joer dobäi.  Natierlech gëtt och nom Wuel vun den iwwer 500 Déiere gekuckt. Vertrieder vun der Veterinärsinspektioun sinn ëmmer op der Plaz.  Natierlech gëtt et dëst Joer am Programm eng rei Héichpunkten. De Bob Steichen:

“D'Highlights sinn d’ Western Reiden, d’International Gréngland Deeg, respektiv och d’ Ardenner Päerd an dann iwwert dee ganze Site natierlech eng ganz Partie Aussteller.  Vir bei der Däichhal gëtt d’Entwécklung vun der Lëtzebuerger Landtechnik gewisen.  Dat ass spezialiséiert op Méidrescher oder wéi fréier gedrescht ginn ass, wéi haut gedrescht gëtt.  Esou datt et sech wierklech lount vu vir bis hannen eng Kéier iwwer de ganze Site ze goen.”

D’ Vermaartung vu regionale Produite gëtt zu Ettelbréck op der Foire grouss geschriwwen.  D’ Iddi ass fir dem Konsument déi lëtzebuergesch Betriber méi no ze bréngen, esou de Landwirtschaftsminister Romain Schneider.

“Ech mengen d’ Landwirtschaft ass e ganz wichtegen Acteur hei zu Lëtzebuerg, an der ganzer Gesellschaft.  Hei geet et och virun Allem fir opzeklären iwwer verschidde Saachen.  An dee Moment wou ech gesinn datt e Produzent e Gesiicht kann op e Produit setzen, ech d’ Déier kann gesinn, d’ Produite ka gesinn, dann hunn ech och eng aner Astellung zum Produit an ech mengen och dat soll dat hei duerstellen.”

Dëst Joer ginn och eng Partie Anniversairë gefeiert, ënnert anerem dee 75te vun der Bauerenzentral an den 125. Vun der Luxlait.

D’ Visiteure sinn dee Weekend gebiede vum ëffentlechen Transport ze profitéieren. 

Méi Informatiounen zu der Foire Agricole fannt Dir op fae.lu.

Back to Top
CIM LOGO