Méi SozialwunnengenDéi gréng Stater Oppositioun wëll an der Haaptstad Gas ginn a Punkto Wunnengsbau

RTL Lëtzebuerg
Well d'Loyeren aktuell esou héich wieren, fuerderen déi Gréng, datt d'Zuel vu bezuelbare Logementer misst verduebelt ginn.
© déi gréng Stad Lëtzebuerg

Vun aktuell 700 Sozialwunnengen, déi d’Stater Gemeng geréiert, misst d’Zuel op 1.400 där Wunnenge klammen. Duerfir misste séier nei Wunnenge gebaut ginn, sou d’Stater Gréng.

Och alternativ a participativ Wunnforme missten an der Stad promouvéiert ginn, dat andeems d’Gemeng zäitlech limitéiert Terrainen un interesséiert Baugruppe verpacht.

A Saachen Integratioun an der Stad mat hiren 160 verschiddenen Nationalitéite froen déi Gréng, datt soll den neie Poste vun engem “Agent d’accueil” geschaaft ginn, och misst et eng Koordinatioun fir Bierger-Participatioun ginn an e participative Budget soll Realitéit ginn, deen nieft dem Gemengebudget Sputt léisst fir Projeten, déi vun de Stater Awunner proposéiert ginn.

Aktuell stellt déi gréng Fraktioun am Stater Gemengerot fënnef Conseilleren a sëtzt domat op der Oppositiounsbänk.

PDF: Offiziellt Schreiwes vun déi Gréng Stad

Back to Top
CIM LOGO