Aus dem PolicebulletinDéif an engem Buttek am Garer Quartier gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
E Freideg am Nomëtteg géint 16.30 Auer goufen der Police Déif an engem Buttek an der Avenue de la Gare an der Stad gemellt.
© Laurent Weber

Déi zwee presuméiert Täter konnte festgehale ginn, bis d’Police op der Plaz war. Am Kader vun den Ermëttlungen huet sech erausgestallt, datt ee vun den zwee Männer et scho méi dacks mat der Police ze dinn hat - allerdéngs ënnert engem aneren Numm. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a gouf e Samschdeg de Moien dem Untersuchungsriichter presentéiert. Vun deem anere Mann goufen d’Personalien opgeholl an hie gouf protokolléiert.

Police intervenéiert an engem Fall vu Gewalt am Stot

Kuerz no Mëtternuecht an der Nuecht op e Samschdeg gouf d’Police dann nach op Biwer geruff, wou ee Familljesträit eskaléiert war. Eng Persoun gouf geschloen, woubäi hei net preziséiert gouf, ob et sech ëm e Mann oder eng Fra gehandelt huet. De presuméierten Täter gouf jiddefalls op Uerder vum Parquet ugewisen, déi gemeinsam Wunneng ze verloossen. D’Affer koum fir eng Kontroll an d’Klinick.

Back to Top
CIM LOGO