
Géint 1 Auer e Freideg de Moie krut e Foussgänger tëscht dem Rond-point Schuman an der Pont Grand-Duchesse Charlotte vun engem Onbekannte mat enger Fläsch an d’Gesiicht geschloen. D’Affer gouf um A blesséiert a mat der Ambulanz an d’Spidol transportéiert. D’Police huet eng Plainte entgéintgeholl.
Géint 2.45 Auer Moies krut e Mann um Aldringer an der Stad vun 2 onbekannte Persounen d’Auer vum Handgelenk gerappt. Allebéid waren duerno an Direktioun vun der Plëss geflücht.
Um 3.30 Auer krut e Mann um Boullionsparking zu Märel Schléi op de Kapp an an d’Gesiicht. Duerno krut hien de Portmonni, den Handy an d’Autosschlëssele geklaut.
Iwwerdeems gouf zu Keel an der Näerzenger Strooss an zu Bouneweg an der Rue Pierre Krier agebrach.
Um 00.20 Auer war en Automobilist an der Rue Wenzel zu Biereng accidentéiert. Den Alkoholtest war positiv an d’Beamten hunn dem Mann säi Führerschäin agezunn.