D'Police informéiert a beréitDen Abriecher d’Liewe schwéier maachen

Dany Rasqué
D'Police huet de Bierger Tipps an Tricks ginn, wéi se hir Wunnenge fir Abriecher besonnesch onattraktiv maachen.

Flexibel, 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg op 7 am Asaz an dat och nach ouni Iwwerstonnen ze fäerten. Wien elo mengt, hien hätt de perfekte Mataarbechter fonnt, abee, deem sief gesot, datt dat do de Profil vun engem Abriecher ass. Déi meescht Leit hunn net gär, wann esou Gesellen an der Noperschaft ënnerwee sinn an et huet ee se nach vill manner gär an den eegene véier Maueren. Fir datt se do net erakommen, organiséiert d’Police reegelméisseg an Zesummenaarbecht mat de Gemengen Informatiounsowenter, wou se de Leit erkläeren, wat se alles kënne maachen, fir datt keen ongewollt doheem d’Schief an d’Tiräng duerchwullt. De Service vun der Kriminalitéitspreventioun war e Méindeg zu Osper.

Police Informatiounsowend / Reportage Dany Rasqué

Et ware vill Leit lauschtere komm, wéi se sech kënnen uleeën, fir hiert Haus oder hiert Appartement besonnesch onattraktiv fir Abriecher ze maachen. An do ginn et natierlech e puer Basics. Zum Beispill d’Dier zouspären, d’Fënstere ganz zou maachen an kucken, datt zemools wann et däischter ass, Luuchten u sinn. Et kann een awer nach vill méi maachen. Wat dat weist d’Police engem och gären am eegenen Doheem. Den Tim Pauly aus dem nationale Service vun der Kriminalitéitspreventioun. “Dat heescht, dat ass op Rendez-vous, wou d’Leit sech bei eis mellen, ongeféier Zwee Drëttel dovunner preventiv, no esou Soiréeën, no engem Infostand, engem Artikel an der Zeitung oder engem Interview um Radio respektiv op der Tëlee.

© Dany Rasqué

D’Police kuckt sech an esou engem Fall alles un an d’Schwaachpunkte sinn dacks ganz klassescher. “D’Schwaachpunkte si ganz dacks d’Fënsteren hannenaus oder d’Dieren, wou een eebe muss d’Dieren oder d’Fënstere verstäerken. Oder duerch en Alarmsystem dat ganzt Haus, wat am sënnvollsten ass, well dann huet een all d’Ëffnungen, déi fir en Abriecher kéinten a Fro kommen, ofgeséchert.”

Esou e System kascht awer fir en Eefamilljenhaus 5.000 bis 6.000 Euro an et wunnt och net jiddereen an engem Haus. “Bei de Residencen ass et einfach d’Schwieregkeet, wann do bei zéng Leit een net zouspäert, dann ass d’Entréesdier meeschtens de Schwaachpunkt. Et muss een och soen, wann een do bei 10 Leit schellt, mécht meeschtens een op, ouni ze hannerfroen, wien do ass. Dat ass net gutt! Et ginn awer och technesch Méiglechkeete fir eng Dier mat engem Magnéitkontakt, datt se automatesch späert, dann ass se wéinstens ëmmer verrigelt.

© Dany Rasqué

Da soll een natierlech och oppassen, wann een an d’Garage fiert, datt do keen hannendrun ass an am Fall wou een an engem Appartement wunnt, sollt ee sech och net drop verloossen, datt den Abriecher ze liddereg ass, fir bis op den éischte Stack ze kommen. Deen een oder aneren hat no den Explikatioune vun der Police scho Plazen am Kapp, wou e muss nobesseren a virun allem hunn d’Leit vun engem ganz nëtzlechen Owend geschwat.

Eng honnertprozenteg Sécherheet gëtt et ni, mä wann ee säin Doheem richteg schützt, mécht een den Abriecher d’Liewen däitlech méi schwéier. Wann een dobäi vun der Police wëll gehollef kréien, brauch ee sech just ze mellen. Hir Sécherheetsberodung kascht näischt an dauert eng hallef bis eng Dräivéierelsstonn.

© Dany Rasqué

Et kann een d’Police fir esou eng Berodung zum Beispill iwwer Mail kontaktéieren. D’Adress ass prevention@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO