
E Sonndeg am spéide Virmëtteg huet de 64 Joer alen André Zoller vu Konsdref säin Haus verlooss a gëtt zanterhier vermësst.
Hie fiert gäre Bus oder Zuch, ouni e bestëmmten Zil ze hunn. De Vermëssten huet e gro gesträifte Plower un, eng donkelgro Box an däischter Schong. Hien ass ouni Jackett ënnerwee.
All Informatiounen iwwert déi vermësste Persoun si fir d'Police vun Iechternach, per Telefon um (+352) 24472-1000 oder per E-Mail op police.echternach@police.etat.lu.
