EM-Qualifikatioun am BasketLëtzebuerger Damme verléiere virun 2.200 Spectateure géint Frankräich

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg huet d'Basketnationalekipp vun den Dammen den zweete Match vum zweeten Tour an der EM-Qualifikatioun gespillt.
Déi Lëtzebuerger Dammen-Nationalekipp spillt géint Frankräich.
Déi Lëtzebuerger Dammen-Nationalekipp hat keng Chance géint Frankräich.
© FERNAND SCHMITZ

An der Coque um Kierchbierg hunn 2.200 Supporter de Wee an d'Hal fonnt, fir d'Partie géint de Vize-Weltmeeschter live ze suivéieren - eng Rekordkuliss fir d'Dammennationalekipp zu Lëtzebuerg. Um Enn huet d'FLBB-Formatioun sech musse mat 49:100 géint Frankräich geschloe ginn.

Sportlech huet de Favorit Frankräich keng Zweifel opkomme gelooss an de Match direkt an d'Hand geholl. Och wann e puer vun den Toppspillerinne vum Géigner net dobäi waren, huet eisen Noper eng Rei Spillerinnen am Kader, déi an der WNBA oder an Toppclibb an Europa spillen. Nom éischte Véierel louch Frankräich 20:7 a Féierung.

Der FLBB-Selektioun ass et am zweete Véierel gelongen, fir Impulser ze setzen, de Réckstand sollt bis zur Paus kaum weider steigen (25:41). D'Magaly Meynadier an d'Anne Simon hunn an dëser Phas hir Qualitéit kënne weisen.

Nom Säitewiessel huet Frankräich d'Partie weider geréiert an de Virsprong kontinuéierlech ausgebaut, um Enn gouf et déi erwaarte kloer Defaite fir d'Rout Léiwinnen. De Géigner huet virun allem ënner dem Kuerf dominéiert, wou Lëtzebuerg mam Ehis Etute, Isi Etute an Dionne Madjo wichteg Spillerinne feelen, an um Enn 100:49 gewonnen.

Fir Lëtzebuerg huet d'Anne Simon mat 18 Punkten am beschte getraff, d'Magaly Meynadier konnt 12 Punkte markéieren.

Fir d'Selektioun vun der FLBB geet et um Dënschdeg auswäerts a Groussbritannien mat der Qualifikatioun weider. Am Februar 2027 stinn déi lescht 3 Matcher um Programm, nach emol géint déi selwecht Géigner am Grupp M.

Programm

17. November 2026: Groussbritannien - Lëtzebuerg
10. Februar 2027: Ukrain - Lëtzebuerg
13. Februar 2027: Frankräich - Lëtzebuerg
16. Februar 2027: Lëtzebuerg - Groussbritannien

Resultater

Lëtzebuerg - Ukrain 52:64
Lëtzebuerg - Frankräich 49:100

Tabell

© FIBA

FLBB-Selektioun

Joy Baum (Basket Esch)
Sofie Fuglsang (Gdessa Barreiro, POR)
Laurie Irthum (T71 Dudelange)
Liz Irthum (AB Contern)
Tereza Liska (Gréngewald Hueschtert)
Catherine Mreches (T71 Dudelange)
Julie Mangen (Amicale Steinsel)
KJ Missavage (Amicale Steinsel)
Magaly Meynadier (Musel Pikes)
Julie Nilles (Musel Pikes)
Svenia Nurenberg (T71 Dudelange)
Jo Oly (Saarlouis, GER)
Anne Simon (Campobasso, ITA)
Esmeralda Skrijelj (AB Contern)

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO