Premiere am US-Bundesstaat Texas gelongenIeweschten Deel vu SpaceX-Rakéit erfollegräich op Äerd gelant

Tom Nols
Fir déi éischt Kéier ass den Deel vun enger SpaceX-Starship-Rakéit, deen an de Weltall flitt, rëm op der Äerd agefaange ginn. E Freideg war nach den ënneschten Deel vun der Rakéit explodéiert.
En Deel explodéiert, en Deel erfollegräich op der Äerd gelant vun der SpaceX-Rakéit.
En Deel explodéiert, en Deel erfollegräich op der Äerd gelant vun der SpaceX-Rakéit.
© RICARDO ARDUENGO/AFP

Gutt a schlecht Nouvellen aus dem Texas fir den Elon Musk. E Freideg ass de Booster vu senger Starship-Rakéit explodéiert, wéi dëse rëm op der Äerd sollt landen. Dat entscheedend Manöver vum Test stoung awer nach un. Den Deel vun der Rakéit, deen et an d'Äerdëmlafbunn gepackt huet, ass fir déi éischte Kéier rëm agefaange ginn.

Starship ass déi gréissten a stäerkste jeemools gebaute Rakéit. E Freideg den Owend eiser Zäit war déi 124 Meter grouss Konstruktioun am US-Bundesstaat Texas gestart. Schonn no e puer Minutte war et um ënneschten Deel, "Super Heavy" genannt, zu technesche Problemer komm. De Booster hat sech doropshi selwer ofgeschalt a war ofstierze gelooss ginn, well eng sécher Landung net méi méiglech war.

Premiere e Samschdeg den Owend?

Starship konnt dogéint weiderfléien a seng Ëmlafbunn op Orbit erreechen, fir do erfollegräich 26 Satellitten auszesetzen, déi dem Elon Musk säin Internet-Netzwierk Starlink erweidere sollen. No gutt 22 Stonne Fluchzäit a 14 Tier ronderëm d'Äerd ass Starship e Samschdeg den Owend zréck op d'Äerd komm. Dobäi huet d'Rakéit den Antrëtt an d'Atmosphär mussen iwwerstoen an och d'Landung am Texas, bei där se vu Gräifäerm agefaange ginn ass. E riskant a komplext Manöver, dat vu SpaceX live iwwerdroe gouf.

Back to Top
CIM LOGO