Zanter Juni 2020 gëtt et zu Yutz d'Epicerie Solidaire. Si adresséiert sech u jonk Studenten. Deene jonke Leit gëtt eng Panoplie u Produiten ugebueden. Vun Alimentatioun iwwer Hygiènesproduite bis hin zu Schoulmaterial. Alles gratis.
Eemol de Mount kommen si op Kuntzig, eng kleng Uertschaft bei Yutz. Hei kënne si hir Kommissioune maachen. Tëscht 10 an 12 Studente profitéiere reegelméisseg vun dëser Offer.
Den 31.Dezember ass awer Schluss. D'Haus, an där d'Epicerie dran ass, gëtt ofgerappt. An d'Plaz kënnt eng Grondschoul. Domadder verléieren dës jonk Leit eng flott Méiglechkeet, fir anzekafen a sozial Kontakter ze hunn.
Zwou aner Plaze goufen deene Responsabele vun der Epicerie solidaire ugebueden. Eemol dat aalt Clubhaus vum Aeroclub an d'Haus vum fréiere Policekommissariat. Aus dëse Projete gouf schlussendlech awer näischt.
Opgi kënnt awer net a Fro. Sou hofft den Arnaud Gufflet mat senger Ekipp och iwwert dëst Joer eraus de Studenten op dës Manéier weider hëllefen ze kënnen.