Dag vum Bam zu SchëfflengSymbolesch Bamplanz-Aktioun mam Grand-Duc Guillaume

Vidosava Kuzmic
Beem planzen, d’Natur schützen an d’Biodiversitéit erhalen: Dat ass d’Zil vum Dag vum Bam. Zu Schëffleng gouf dësen Dag am Naturschutzgebitt “Um Brill” gefeiert.
Symbolesch Bamplanz-Aktioun mam Grand-Duc Guillaume
Beem planzen, d’Natur schützen an d’Biodiversitéit erhalen: Dat ass d’Zil vum Dag vum Bam. Zu Schëffleng gouf den Dag am Naturschutzgebitt “Um Brill” gefeiert.

Et war e ganz symbolesche Moment, wéi Jonk an Al zesumme mam Grand-Duc Guillaume den neie Bam geplanzt hunn. An och d’Plaz, op där déi jonk Esp elo steet, ass net duerch Zoufall gewielt ginn.

D’Schëfflenger Naturschutzgebitt „Um Brill“ ass e Beispill dofir, wéi d’Natur sech no fréieren Agrëffer vum Mënsch nees hire Raum zeréckhuele kann. Duerch d’Renaturéierung vun der Uelzecht sinn hei nei Fiichtgebidder a Liewensraim fir vill Déieren a Planzen entstanen. Ma et bleift net just bei deem enge Bam, deen zu Schëffleng geplanzt gëtt, erkläert de Buergermeeschter Carlo Feiereisen.

“D’Gemeng Schëffleng feiert dëst Joer hir 150 Joer. A mir planzen dëst Joer 150 nei Beem hei zu Schëffleng. Et sinn ongeféier eng 40 verschidden Zorten, déi heemesch sinn hei am Land. Mir wëllen eis Flächen déi nächst Jore méi gréng maachen. Mir hunn dat dëse Summer gemierkt, wéi wichteg et ass, d’Natur ze erhalen.”

Dat weist och de Bléck op d’Zuelen. Eise Bëscher geet et net gutt. Nëmmen nach ronn 15 Prozent vun de Beem zu Lëtzebuerg hate beim leschten Inventaire vun der Naturverwaltung am Joer 2024 keng siichtbar Schied. Dréchent an Hëtzt maachen de Beem ëmmer méi ze schafen. D'Campagne „Planzen fir d'Zukunft“ ass eng konkret Äntwert op dës Erausfuerderung: Bis 2030 sollen zu Lëtzebuerg 1,7 Milliounen zousätzlech Beem geplanzt ginn. Dëst soll dozou bäidroen, eis Bëscher méi zukunftsfäeg a méi resistent géint de Klimawandel ze maachen. Dobäi kënnt et op déi richteg Bamzorten an op déi passend Plaz un.

Am Kader vun de Festivitéite ronderëm d’150 Joer Schëffleng an den Dag vum Bam krut de Grand-Duc Guillaume eng Féierung duerch d’Naturschutzgebitt.

Back to Top
CIM LOGO