15 Millioune medezinesch Dokumenter vu Patiente gi mëttlerweil reng digital stockéiert. Wie rezent an d’Spidol fir Tester oder en IRM war, kennt de Prinzip ze gutt. Amplaz vun der traditioneller CD-Rom gëtt et antëscht d’Resultater landeswäit zanter Januar komplett digital. An zwar mat engem QR-Code deen 3 Méint gülteg ass a mat engem Transfert vun den Dokumenter an de privaten digitalen Patientendossier.
D’Iddie: mat just e puer Klicks prett fir wichteg Analysen a Diagnosen. Eng Initiative déi am Spidolswiesen net méi ewechzedenken ass, fënnt och den Dr. Romain Schockmel, medezineschen Direkter am Escher CHEM: “All Patient deen hei an d’Spidol kënnt, identifizéiert sech. Do gëtt eng Admissiounsnummer geholl. Dat heescht all Examen, all Analyse, all Consultatioun déi innerhalb vum Spidol gemaach gëtt, gëtt dokumentéiert. (…) An da kritt all Dokter deen am Spidol schafft ‘en immédiat’ Accès op déi Tester. Hie brauch net an den DSP ze goen. Mee wann en d’Virgeschicht vum Patient wëll, huet en direkt Accès op den digitale Patientendossier vum Patient. Wann de Patient d’Spidol da verléisst, ass e sécher, datt e gudden Deel vun den Dokumenter, déi am Spidol generéiert goufen, herno am DSP ze fanne sinn.”
De liberalen Dokter huet wann en am Spidol schafft e zertifiéierten an ofgesécherten Accès op Donnéeën. En informatesche System, dee vum Spidol garantéiert gëtt. Ass de Spezialist, oder och en Hausdokter a sengem eegene Cabinet, da brauch en déi digital Awëllegung vum Patient fir Accès ze kréien. An dat wier, erkläert den Hausdokter Kevin Prohaska, dacks richteg komplizéiert: “Den DSP ass immens schwéierfälleg. Souguer Patienten zielen eis, datt se eis als Referenzdokter agesat hunn, mee mir kommen awer net eran. Informatesch blockéiert eis dat immens. Et ass immens komplizéiert fir eis eeler Bevëlkerung, déi eebe grad e Referenzdossier brauch, well déi gäre mol komplizéiert Dossieren hunn. A mir kommen net eran. Mir soen ëmmer sou: et ass en Tresor, mee mir hunn de Schlëssel net fir ran. Do muss wierklech eng Ännerung kommen.”
D’E-Santé, déi hannert dem digitale Patientendossier steet, gesäit de Problem éischter beim aktuelle Succès vum DSP. De Marc Hostert, President vun der Agence e-Santé: “Déi Problematik, wann ee se eng Problematik nenne kann, kënnt vum Succès vum DSP hier. Déi lescht Wochen a Méint hëlt den DSP a sengem Ëmsaz, datt e consultéiert gëtt a Saachen dra gesat ginn, enorm zou. Dat heescht et fält elo méi Leit ob, well se hiren DSP wëllen aktivéieren, oder nach net aktivéiert hunn, dat maachen se déi lescht Minute. An et ass e bëssen de Succès deen déi Problemer mat sech bréngt.”
Mee ass et effektiv sou komplizéiert? Mir maachen den Test. D’Umellen fir déi éischte kéier Accès op säi Patientendossier ze kréien, geet souguer op Lëtzebuerg. A 5 kuerze Schrëtt, mat engem Aktivatiounscode, deen ugefrot gouf an der eegener Matrikule, ass een, theoretesch, an 3 Minutten duerch. Zum Schluss awer heescht et: technesche Problem. Mir probéieren et nach eng Kéier vu fir, mee lo ass den Aktivatiounscode net méi gülteg. E Compte existéiert awer och net. Et bléift also nach Loft no uewen. De Marc Hostert: “Den DSP ass a senger Ergonomie nach z’adaptéieren. Dat wäert d’Agence e-Santé och mat dem DSP vun der nächster Generatioun maachen. Do wäerte mer méi ergonomesch Efforten maachen an och kucken, fir d’Zouloossung ze vereinfachen. Sief et iwwert de myGuichet, deen déi meescht Leit am Alldag scho benotzen an esou op hiren DSP kommen. Sief et, datt mer mat den Zougangscoden eng aner Politik aféieren. Do muss een awer wëssen, datt mir an engem juristesche Kader dra sinn, dee vum Staat festgeluecht ass. An dee musse mer respektéieren.”
Bis 2029 sollen et dem EU-Recht no och gréisser Updates beim DSP ginn. Sou, datt zum Beispill och Dokteren aus dem Ausland Accès, wann de Patient dat well, op wichteg medezinesch Dokumenter ka kréien.