
Wéi aus engem Rapport vum Observatoire de l'Habitat op Basis vun Erhiewunge vun EU-SILC an HFCS ervirgeet, géifen dës privat Proprietären, déi verlounen, een "däitlech anert Profil" opweisen, wéi Stéit, déi net verlounen: "Si si méi dacks Pensionären (41 Prozent géigeniwwer vu 24 Prozent an der restlecher Populatioun), hu gréisstendeels Lëtzebuergesch Originnen (60 Prozent) an hinne gehéiert an deene meeschte Fäll och hiren Haaptwunnsëtz (80 Prozent)."
De Revenu vun der Locatioun fir si läit am Schnëtt bei 30.000 Euro d'Joer. Iwwerdeems läit och d'Duerchschnëttsakommes vun dëse Proprietäre ronn 60 Prozent iwwert deene vu Leit, déi kee Bien verlounen.
Allgemeng sti Proprietären, déi och verlounen, ee gutt Stéck besser do, wéi déi duerchschnëttlech Persoun, déi net verlount. Hiert duerchschnëttlecht Brutto-Verméige läit 3,6 mol esou héich, wéi dat vun den Net-Vermieter. Immobilien nieft hirem Haaptwunnsëtz maachen dobäi dacks de gréisste Posten a hirem Verméigen aus. Ënnert deene räichste Stéit sinn ausserdeem och iwwerduerchschnëttlech vill Leit, déi verlounen.
Gläichzäiteg huet och all zweete Stot, dee verlount, ausgesot, si hätten eng gréisser Schenkung oder ee gréissert Ierwe kritt. Bei Net-Vermieter war dat just all fënnefte Stot. D'Zommen, déi si kruten, waren iwwerdeems méi wéi duebel esou héich, wéi déi vun Net-Vermieter. Ierfschaften a Schenkungen hunn deemno dacks eng grouss Roll beim Verméigensopbau gespillt.
