
Déi sougenannte Konfuzius-Instituter si staatlech chineesesch Bildungsariichtungen, déi dem chineeseschen Educatiounsministère ënnerstinn. Hiert offiziellt Zil ass d’Promouvéiere vun der chineesescher Sprooch a vum kulturellen Echange tëscht China an anere Länner. D’Instituter sinn dofir op Partner-Universitéiten a verschiddene Länner uechter d’Welt ugesidelt. Zanter 2018 gëtt et och op der Universitéit Lëtzebuerg e Konfuzius-Institut. Dëse gouf a Kooperatioun mat der Universitéit Fudan a China an d’Liewe geruff a géif vu béiden Héichschoule co-finanzéiert ginn, sou de Rektorat vun der Universitéit Lëtzebuerg.
D’Instituter stinn allerdéngs schonn zanter e puer Joer an der Kritik. Et geet ëm Reproche vu chineesescher Propaganda a vu Wëssenschafts- a Wirtschaftsspionage. Virun allem an Däitschland ass d’Kritik un den Instituter an de leschte Méint nees gewuess. Dat virun allem vun der Säit vun der Politik a vun de staatleche Sécherheetsorganer.
Am leschte Joresrapport vum däitsche Verfassungsschutz heescht et, dass d’Konfuzius-Instituter en Instrument vun der chineesescher Aflossnam wieren. Am Allgemenge wieren déi chineesesch Aktivitéiten am Beräich vun der Bildung a Fuerschung eng Menace fir d’akadeemesch Fräiheet.
Och den däitschen Inneministère huet an dësem Zesummenhang virun der Aflossnam vun de Konfuzius-Instituter op däitschen Universitéite gewarnt an déi däitsch Fuerschungsministesch Bettina Stark-Watzinger huet déi däitsch Universitéite virun zwou Wochen am Handelsblatt dozou opgeruff, hir Kooperatioun mat den Instituter kritesch ze hannerfroen.
Eng Partie däitsch Héichschoulen hunn hir Zesummenaarbecht mat de Konfuzius- Instituter dann och beendegt respektiv annoncéiert, dass si de Kontrakt an deem d’Kooperatioun festgehalen ass, net verlängere wäerten.
An deem Kontext huet RTL bei der Universitéit Lëtzebuerg nogefrot, wéi een zu der Kritik un den Instituter stoe géif, an ob dës eng Auswierkung op de Konfuzius-Institut op der Uni.lu hätten.
Wéi et vun der Universitéit heescht, wier ee sech der Kritik un den Instituter bewosst. Ma et géif ee bei der Gestioun vun all senge Partenariater besonnesch gutt oppassen. Et wier ee sech och am Kloren doriwwer, dass eng Kollaboratioun mat chineeseschen Universitéiten ëmmer e gewësse Risk géif mat sech bréngen, ma et wier een drop aus, dëse Risk ze miniméieren. Wat déi konkret Fuerschungsprojeten, déi den Ament mat chineeseschen Universitéiten am Gaange sinn, betrëfft, sou géifen dës sech op ganz spezifesch Sujeten ouni militäresch Implicatioune beschränken.
De Konfuzius-Institut géif vun engem Verwaltungsrot geleet ginn, dee sech aus der Universitéit Lëtzebuerg, der Universitéit Fudan, der Associatioun Chinalux a Luxembourg for Finance zesummesetzt. Dëst ënnert der Presidence vum Rekter vun der Universitéit Lëtzebuerg.
Wat de pedagogesche Volet betrëfft, wier den Institut ausschliisslech op Coursen a chineesescher Sprooch a Kultur spezialiséiert. Et wier dann och déi eenzeg Plaz am Land wou een d’Exame fir den “Chinese Proficiency Test” maache kéint.
Am Domän vun der Recherche géif den Institut Konferenzen a Forumen organiséieren a Publikatiounen erausginn. D’Zil wier et Relatiounen opzebauen an den akadeemeschen Echange a verschiddene Beräicher ze fërderen. Déi verschidde Projete vum Institut géifen op der Universitéit Lëtzebuerg diskutéiert a vun dëser accordéiert ginn.
Wat d’Fro no enger méiglecher Reevaluatioun vun der Kooperatioun mam Konfuzius-Institut betrëfft, heescht et vum Rektorat vun der Universitéit, dass een d’Konventioun mam Institut reevaluéiere géif, wann dës 2026 ausleeft.
An enger Mail vum Héichschoulministère heescht et iwwerdeems, dass ee sech den Diskussioune ronderëm d’Konfuzius-Instituter an Däitschland bewosst wier, an déi Saach opmierksam suivéiere géif.
Dat géif och fir den Institut op der Uni Lëtzebuerg gëllen an et géif een an deem Zesummenhang och am permanenten Austausch mat der Universitéit stoen.
Et hätt een den Erklärunge vun der Uni fir den Ament näischt bäizefügen.