No versichter Hacker-AttackDen Internetsite vun der Chamber ass nees online

RTL Lëtzebuerg
Dem Generalsekretär vun der Chamber, dem Laurent Scheeck no, hätten déi Responsabel dowéinst dowéinst och e Mëttwoch de Site offline geholl.

Zanter e Mëttwoch war en net méi accessibel, dat wéinst enger versichter Hacker-Attack. Dowéinst goufe Precautiounsmesuren getraff an de Sitte offline gesat, hat eis e Mëttwoch de Chamber-Generalsekretäer Laurent Scheek confirméiert. Et hätt een net anescht kënnen, wéi all d’Systemer ofzeschalten, dat als eng Reaktioun op en “averéierte Sécherheetsrisiko”.

Vun e Freideg de Moien u funktionéiert awer nees alles, just de Site vun de Petitiounen war e Freideg de Moie fréi nach net accessibel. D’Chamber war an der Vergaangenheet scho mat engem Leak an informatesche Problemer no engem Update konfrontéiert.

Back to Top
CIM LOGO