Rapport fir 2022Den Tabu ronderëm déi haislech Gewalt ass endlech gebrach

Annick Goerens
Dat sot d‘Chancëgläichheetsministesch Taina Bofferding bei der Presentatioun vum Rapport iwwer Gewalt am Stot.
Rapport Gewalt am Stot 2022: Tabu ronderëm déi haislech Gewalt endlech gebrach
Mat 983 Police-Interventiounen zejoert waren et der zwar ronn 7,2 Prozent méi wéi nach 2021, mee dat wier well ëmmer méi Leit sech och Hëllef siche ginn.

Et géing een zwar feststellen, dass et zejoert mat 983 Police-Interventiounen der ronn 7,2 Prozent méi ware wéi nach 2021, mee dat wier, well ëmmer méi Leit sech och Hëllef sichen ginn. 60 Prozent vun den Affer si Fraen a ronn 70 Prozent vun den Täter si Männer. 75 Prozent vun der Zäit ass et Sträit an enger Koppel, fir deen d‘Police geruff gëtt. Den Täter kann dann aus dem Doheem expulséiert ginn. Allerdéngs ass et d’Feststellung, dass 24 Prozent vun allen Expulsiounen, Widderhuelungstäter sinn. D’Laurence Bouquet vum Täter-Betreiungsservice “Riicht Eraus":

“Fir déi Recidiven an de Grëff ze kréien, do soe mer einfach, dass et ab engem gewëssene Moment einfach net méi duer geet, eng Persoun 2x, 3x ze verweisen. Ech mengen, mir gesinn och an eisen Zuelen, dass ganz vill Leit vun all deenen, déi méi wéi 1x verwise gi sinn, et mol net fir néideg fannen, op ee RDV bei eis ze kommen.”

Dem Problem ass sech och d’Chancëgläichheetsministesch Taina Bofferding bewosst.

“Hei ass fir mech ganz kloer, dass mer nach méi Täter wéi och d’Widderhuelungstäter mussen an de Suivi erakréien. Dofir ass et och sënnvoll - an dat soe ech a mengem perséinlechen Numm - dass nieft engem Avertissement och nach iwwer aner Sanktiounsméiglechkeete muss nogeduecht ginn.”

De Comité, deen de Rapport geschriwwen huet, huet an dem Sënn och d’Recommandatioun formuléiert, fir eng wëssenschaftlech Analys vun den Täter-Profiller ze maachen. Domat kéint een dann d’Aarbecht op déi verschidden Täter-Typologien besser upassen. Donieft soll den Accès op verschidden Informatioune verbessert ginn.

“Et ass nämlech esou, wann eng Persoun schonn Antecedante vu Gewalt opweist, sollten dës Informatioune besser zougänglech sinn. Momentan ass et awer sou, dass weder Police nach de Parquet Zougrëff op Incidenten hunn, déi méi wéi 3 Joer al sinn.”

Verschidden Täter an dem Beräich wieren iwwer 20 Joer aktiv. Just well da keng Donnéeën méi zougänglech wieren, géing dat net heeschen, dass se net méi geféierlech sinn, sou d’Kristin Schmit vun der Police. Den Dateschutz soll dofir och am Interêt vum Affer spillen an d’Fristen eropgesat ginn.

Back to Top
CIM LOGO