
Méi genee hat de Mann den 9. Oktober 2025 an engem Akafszenter an der Rue Lohr zu Miersch eng Posch geklaut.
D'Police freet an deem Kontext Hëllef bei der Identifikatioun vum Déif.
Wien de Mann kennt oder weess, wou hie sech ophale kéint, soll sech bei der Police vu Miersch ënnert der Nummer 244 90 1000 oder per Mail u police.MERSCH@police.etat.lu mellen.