
Den 3. a 4. Juli kann u sech jiddereen, dee sech dofir interesséiert, un der Foire agricole deelhuelen. Dofir geet een einfach op fae.lu a gëtt do iwwert alles informéiert.
Op deem Weekend fënnt een nieft de Riede vun ënner anerem dem Ettelbrécker Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf, dem Landwirtschaftsminister Romain Schneider oder den Organisateure vun der virtueller FAE och de Plang vun der ganzer Foire an all d'Exposanten, déi drun deelhuelen. Et kann een donieft awer och un digitale Konferenzen deelhuelen an do seng Froe stellen oder sech op de Säite vun den Exposanten ëmkucken an eventuell Produite bestellen.
Via de Site, awer och iwwer Eltrona a Post TV, kann ee sech dee Weekend de komplette Programm vun der Foire ukucken. Op RTL Radio an Télé Lëtzebuerg, esou wéi an de soziale Medien, ginn Deeler vun der Foire iwwerdroen. Schonn am Virfeld kann ee sech um Radio iwwert d'Foire informéieren a mat e bësse Gléck deen een oder anere Gadget gewannen.
Wisou ass et wichteg, fir un enger digitaler Foire agricole deelzehuelen? Ma well een domadder d'Lëtzebuerger Landwirtschaft an hir Partner ënnerstëtzt awer och sech solidaresch weist.
