Kritik vu CGFP, LCGB an OGBL"D'Gewerkschafte si beim 'Logementsdësch' onerwënscht"

RTL Lëtzebuerg
Déi 3 grouss Gewerkschafte CGFP, LCGB an OGBL kritiséieren, datt beim Logementsdësch ouni d'Vertrieder vun de schaffende Leit d'Wunnengskris bekämpft gëtt.

D’Gewerkschafte si beim Logementsdësch net erwënscht, kommentéieren déi 3 grouss Gewerkschaften CGFP, LCGB an OGBL an engem gemeinsame Communiqué.

D’Wunnengskris géif um Schlass zu Senneng hanner zouenen Diere bekämpft ginn. Just Vertrieder vun der Baubranche an dem Handwierk wären invitéiert gewiescht. D’ABBL war derbäi, d’UEL an de Syvicol a bal d’Hallschent vun der Regierung. Dat géif den héije Stellewäert vun der Diskussiounsronn weisen. Just Vertrieder vun de schaffende Leit waren net wëllkomm. Gläichgesënnter waren ënnert sech, bedaueren déi 3 national, representativ Gewerkschaften.

Dat ganzt Schreiwes vun de Gewerkschafte fannt Dir hei.

RTL-News: Logementsdësch - Luc Frieden: “Méi a méi séier bauen”

Back to Top
CIM LOGO