Luc Frieden: "Méi a méi séier bauen"
Wéi kann ee méi bauen, méi séier, a plazeweis och méi dicht? Op dës Fro gouf um Donneschdeg de Moien um Logementsdësch zu Senneng Léisunge gesicht.
Dat sot de Premier no der Reunioun beim Pressebriefing.
Et envisagéiert een zum Beispill, Baugeneemegunge vun engem op zwee Joer ze verlängeren. Och soll de Buergermeeschter just fir grouss Bauprojete mussen Autorisatioune ginn an net fir kleng Ännerungen.
Beim Ëmwelt-an Naturschutz op Bauterraine soll gekuckt ginn, dass d’Proportionalitéit agehale gëtt. An ob een zu Lëtzebuerg mat de Reegelungen net méi wäit gaange wier, wéi d’EU-Direktive virgëtt.
Ännerungen, déi direkt kënne gemaach ginn, fir d’Situatioun am Bausecteur an um Logementsmarché ze verbesseren, sollen am Regierungsrot an den nächste Woche a Gesetzesprojete gegoss ginn, sou de Premier.
De Luc Frieden huet op der Pressekonferenz en zousätzlechen Diskussiounspunkt genannt: "Mir hunn och mat de Banken diskutéiert, wéi ee ka kucken, datt de Bankesecteur ka bei de Projete villäicht éischter intervenéieren. Do hu mer Pisten diskutéiert, wéi zum Beispill ass et haut esou, dass wann eng Residence gebaut gëtt, muss 80% finanzéiert ginn - dat ass eng Reegel, déi d'Banke sech ginn hunn - éier d'Banke mat finanzéieren."
Hei war an der Diskussioun dat liicht erofzesetzen, ob 60-70 Prozent. De Staat kéint an deem Fall zum Beispill och eng Promesse d'achat maachen. D’Iddi wier et esou ze erméiglechen, dass Projete kënne realiséiert ginn a méi séier Wunnraum entstoe kann, esou de Premier.*
Fir och d'Offer vum sougenannten "abordabele Wunnraum" auszebauen, huet de Luc Frieden annoncéiert, datt de Staat weider Projeten opkeeft, déi geplangt sinn, mä déi sech den Ament net verkafen. Déi zoustänneg Ministere géifen dës Woch nach Projete fir am Ganzen 100 Milliounen Euro ënnerschreiwen. Dat géifen eng 170 Wunnenge bedeiten.
De Regierungschef huet präziséiert, datt keen zweete Logementsdësch néideg wier. Et gouf een Aarbechtsgrupp geschaaft, dee sech ëm d'Vereinfache vun de Prozedure këmmert, dee kritt maximal bis Enn Mee Zäit, fir zu Conclusiounen ze kommen an déi zoustänneg Ministere krute verschidden Aufgabe mat op de Wee, déi och bis de Mee musse gemaach sinn. Dono musse se am Regierungsrot e Rapport maachen. Dono gëtt dann iwwer weider Schrëtt decidéiert.
*an enger éischter Versioun vum Artikel hätt e kënne verstoen, wéi wann d’Regierung mat de Banke geschwat hätt, fir d’Tauxen op de Prêten ze reduzéieren, dat ass net de Fall.