
De Gesondheetsministère rappeléiert a senger Retrospektive, datt et nach ëmmer méiglech ass, sech impfen ze loossen.

Beim RS-Virus gëtt et e liichte Réckgang vun de Fäll. An der genannter Woch goufen et den offiziellen Zuelen no 143 Fäll. Och d’Covid-Infektiounen si liicht an der Baisse. Tëschent dem 12. an 18. Januar goufe 65 Fäll nach detektéiert. An de Kläranlagen ass d’Konzentratioun vum Virus liicht erop gaangen.