
D'Planung vun der drëtter Joyeuse Entrée, déi an der Gemeng Wuermer ass, huet am Januar ugefaangen.
Vun Abrëll u gouf dunn aktiv un der Ëmsetzung geschafft, fir déi 22 Gemengen aus dem Osten ze representéieren, erkläert d'Lis Steinmetz, Kommunikatiounsresponsabel op der Gemeng: "Dat ass scho vun der Gréisst hier immens. Fir den Dag selwer hu mir en zimmlech ofwiesslungsräiche Programm. Wéi et sech gehéiert, benotze mir d'Marie-Astrid, mat där de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse hei zu Éinen ukommen."
Gläich e puer Installatioune sollen d'Leit ulackelen: E Maart ass virgesinn, fir touristesch Offeren a Projeten ze weisen, an och lokal Produzenten, dorënner souwuel bekannten ewéi manner bekannten Nimm.
Dat grousst Zelt ass virgesi fir Leit aus Altersheemer a Leit mat Beanträchtegungen, fir en inklusiivt Evenement ze gestalten, dat jidderee ka suivéieren. Am Zelt gëtt e Stream vum Event gebueden.
Och de Wäibau ass e gréissert Thema: "Een Aspekt, deen op der Musel net däerf feelen, ass natierlech de Wäibau. Do wëlle mir de Leit weisen, wéi innovativ eis Wënzer sinn a wéi eng nei Methode si benotzen. Am Wéngert, am Planzeschutz, mat den Dronen ze schaffen, fir Krankheeten ze erkennen oder ze sprëtzen," esou d'Lis Steinmetz.
Schonn um 14 Auer um Freideg geet et lass, um Donneschdeg gëtt nach fläisseg virbereet, dass alles esou geet wéi geplangt. D'Groussherzoglech Koppel wäert och erëm op der Marie-Astrid fortfueren. Leit aus der Gemeng konnte sech melle fir matzefueren, d'Plaze waren op 5 limitéiert.
Nom Depart vun der groussherzoglecher Koppel am spéiden Nomëtten ass dann och musikaleschen Entertainment virgesinn, fir déi drëtt Joyeuse Entrée och mat lokale Kënschtler ofzeschléissen.