Zënter dem 1. Januar zejoert gehéiert d’Eglise St Joseph awer wéi 25 anerer am Land, zu den Entweiten - an domat offiziell der Gemeng. Eidel steet se dofir awer net - am Géigendeel. Ugangs gouf d’Gebai als Sammelplaz fir Kleeder fir Flüchtlinge benotzt. Um Donneschdeg ass d’Kierch eng Adress, wou sozial schwaach Famillje gehollef kréien.
Eng ganz Rei Dammen hu sech, wéi ugangs 2020 déi sëllege Flüchtlingen an d‘Land koumen, um Poopst senger Linn orientéiert: Refugiéeë soll een ophuelen, schützen, fërderen an integréieren. Zu Iernster gouf a gëtt dee Message esou an d‘Praxis ëmgesat: hir Kierch, an déi kaum nach ee biede goung an och just nach seelen ee gepriedegt huet, gouf desakraliséiert an du prompt fir aneres genotzt. Nee, weder als Restaurant, nach als Concertssall - mee als Second Hand Buttek. Uganks war dee fir Flüchtlinge geduecht, dat war d’Ur-Iddi, seet d’Elise Houwen vun der ASBL “Sozialhëllef Iewescht Syr” , mee zimmlech séier konnten awer och soss Leit vun hirem Gratis-Buttek an der Kierch profitéieren. D’Net-Lëtzebuerger wieren Ukrainer, Afrikaner, Südamerikaner a Kapverdianer.
Natierlech hätt d‘Desakraliséierung vun hirer Kierch hinnen deck gedoen, soe si eis: et hätt een awer um Enn acceptéiert, dass d’Gebai aus den Hänn vum Bistum an déi vun der Gemeng geluecht gouf, erkläert d’Julie Spanier, déi zanter 50 Joer zu Iernster lieft an do an d’Mass goung.
De Buergermeeschter freet sech, dass dës Kierch mat deem Succès genotzt gëtt. Si bléif elo emol wat se wier - mat sozialer Vocatioun. Et hätt ee fir déi Iernster den Ament keen anere Projet. Entweit ass se vun uganks 2023 un. Wéi dat geschitt ass, war deen deemolege Schäffe live dobäi.
Weder de Kardinol nach de Bëschof wiere fir deen Akt op Iernster komm, erënnert sech de Buergermeeschter vu Nidderaanwen, de Kierchefong eleng wier do gewiescht. D’Themen, déi deels fir Opreegung gesuergt hätten, waren den Tabernakel a Reliquien aus dem Altär, déi wieren effektiv erausgeschnidde ginn, sou de Fred Ternes. D’Kräiz duerfte si um Enn halen.
Kleeder, Geraums aus Haiser no engem Stierffall zum Beispill, bal alles hëlt d’ASBL, ausser Krëppeng natierlech. Samschdes ass d’Kierchepaart op - eng 80 Famillje kéimen, an dat reegelméisseg! Si kéinte sech an der tëscht verzeien, dass d’Kierch net méi Kierch wier, well hir Aarbecht hätt ëmmerhin e reliéisen Zweck, sou d’Elise Houwen.