“Erklärbär”, sou charakteriséiert sech de Sven Plöger selwer. Zanter engem Véierelsjoerhonnert präsentéiert hien an den ARD-Sendungen net just d’Wiederprevisiounen, mä och ëmmer méi Documentaire fir Wiederphenomener an och de Klimawandel engem breede Public gräifbar ze maachen, huet dernieft och eng Partie Bicher publizéiert. Ganz rezent: “Zieht euch warm an, es wird noch heisser!”
Seng humorvoll a ganz spontan Aart a Weis ze schwätze kënnt un. Hien ass immens populär an notzt dat och bewosst, fir opzeklären. Komplex a wëssenschaftlech Theme kann hie kloer verständlech vermëttelen, ouni Ideologie, dofir awer nawell ganz engagéiert an zemools mat vill Fachwëssen. De Sven Plöger ass Diplommeteorolog. Op Invitatioun vum Ëmwelt- a Naturschutzsyndikat SIAS war hien déi lescht Woch fir eng Konferenz zu Land a mir konnte just virdrun an der Schëtter Gemeng e längeren Interview mam beléiften däitsche Wiederfräsch maachen, deen zwar seng Aarbecht ganz eescht hëlt awer net sech selwer.
Am RTL-Interview geet et ëm d’Zouverlässegkeet vu Wiederprevisiounen, Sënn vu Wiederwarnungen, den Ënnerscheed vu Wieder a Klima, de Klimawandel a firwat et esou schwéier ass, konkret dogéint virzegoen.