An domadder huet si grousse Succès. Bannent e puer Stonne koumen iwwer 100 Wantermäntel zesummen. Dëst Gezei hänkt gratis zu Esch an der Uelzechtstrooss virun der Entrée vun engem Coiffeurssalon op.
Mënschen déi an Nout sinn, kënnen d’Mäntel uprobéieren. Wann ee sëtzt a gefält, kann d’Persoun de Mantel mathuelen. Déi geleiert Infirmière schafft beim Roude Kräiz a sammelt zënter dem 2. Januar ganz äifreg weider Wantermäntel, Schalen a Mutzen. Hëllef huet si den Ament vun hirem Bouf, dem Chris. Et ass jo nach Schoulvakanz.
Bis zum Enn vum Wanter wëll d’Josiane dës Aktioun lafe loossen.
Op der Handysnummer 621 324 631 kann een dem Josiane Schoder uruffen. Si freet sech iwwer all Hëllef am Kontext vun der Aktioun „Wantermäntel“.